Meil

Vu Wikipedia

Eng Meil ass eng Moosseenheet fir Distanzen ze moossen. Et gëtt Landmeilen an nautesch Meilen: eng Landmeil sinn 1.609 Meter an eng nautesch Meil sinn 1.852 Meter.

Definitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Déi verschidde Meilen:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Queesch duerch d'Geschicht ass de Begrëff Meil mat verschidden Definitioune gebraucht ginn.

Bei de Réimer war eng Meil ongeféier 1479 Meter. Eng réimesch Meil huet aus 1000 "Duebel-Schrëtt" bestanen, eeben zwéi Schrëtt vun engem Legionär. All "Duebel-Schrëtt" gouf Passus genannt, dat waren ongeféier 57,60 Zentimeter. Dat Wuert Meil kënnt vu mille passus (Méizuel milia passuum), dausend Schrëtt. Et waren och d'Réimer, déi laanscht hire Stroossen duerch ganz Europa, op d'mannst an hirem Imperium Romanum, ee Stee fir all Meil gestallt hunn, Meilesteng. De réimeschen Numm fir sou ee Steen, milliarium (Méizuel milliaria), ass och dacks benotzt ginn amplaz vu Meil.

An der Navigatioun ass meeschtens déi geographesch Meil benotzt ginn, definéiert als 1 Minutt vum Längtemeridian um Equator, ongeféier 1855 Meter.

Den Numm statute mile kënnt dohier, well d'Queen Elizabeth I. vun England am Joer 1593 mat engem statute, deen eisem "arrêté royal grand-ducal" gläicht, d'Längt vun enger Meil vu 5.000 op 5.280 Fouss geännert huet.

Och wann d'International Meil 1959 offiziell als Moosseenheet festgehale gouf, ass an Amerika d'survey mile weiderhin am Gebrauch bliwwen, zum Beispill fir d'Kadasteren. Et ass also eréischt zanter dem 1. Juli 1959, datt op der ganzer Welt 1 Meil déi selwecht Längt huet.

Länner an hir Meilen[änneren | Quelltext änneren]

Hei kritt dir eng Iddi, wéi ënnerschiddlech de Begrëff eng Meil ausgeluecht gëtt:

1 Meil (mil, miil, mijl, mila, mile, mille):

  • zirka 1482 m – antikt Roum, mille passus,milliarium
  • 1524 m – England (London Mile)
  • 1609,3426 m – (historesch statute mile an Groussbritannien bis 1. Juli 1959)
  • 1609,344 m - International Meil, statute mile
  • 1820 m – Italien
  • 1852 m – Nautesch Meil, Seemeil
  • 1852,3 m – eng Meridianminutt
  • 1853,181 m – Tierkei
  • 1855,4 m – eng Equatorminutt
  • zirka 1900 m – arabesch Meil
  • 2065 m – Portugal
  • 2470 m – Sardinien, Piemont
  • 2622 m – Schottland
  • 2880 m – Irland
  • 3780 m – Flanderen
  • 4808 m – Schwäiz
  • 5532,5 m – Preisen (Landmeile)
  • 6277 m – Lëtzebuerg
  • 6280 m – Belsch
  • 6797 m – Sachsen (Landvermessermeile)
  • 7400 m – Holland
  • 7409 m – véier Meridianminutten
  • 7419 m – Hannover
  • 7420 m – Braunschweig
  • 7420,4 m – Bayern
  • 7420,439 m – geographesch Meil
  • 7421,6 m – véier Equatorminutten
  • 7450 m – Hohenzollern, Württemberg
  • 7480 m – Béimen
  • 7500 m – Sachsen (kleine / neue Postmeile 1840)
  • 7530 m – Hamburg (Deutsche Landmeile)
  • 7532,48 m – Preisen
  • 7532,5 m – Dänemark (Ole Rømer)
  • 7586 m – Éisträich (Postmeile)
  • 7850 m – Rumänien
  • 8800 m – Schleswig-Holstein
  • 8888,89 m – Baden
  • 9062 m – Sachsen (mittlere Postmeile, 1722)
  • 9200 m – Kurfürstentum Hessen
  • 9261,4 m – fënnef Meridianminutten
  • 9277 m – fënnef Equatorminutten
  • 10670 m – Finnland
  • 10692 m – Schweden (mil)
  • 11113,7 m – sechs Meridianminutten
  • 11132,4 m – sechs Equatorminutten
  • 11299 m – Norwegen (miil)

Änlech Unitéiten:

Legua:

  • 5200 m – Bolivien
  • 5500 m – Portugal
  • 5510 m – Ecuador
  • 5570 m – Spuenien, Chile
  • 5600 m – Brasilien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]