Jean-Paul Lehners

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean-Paul Lehners (Mee 2013).

De Jean-Paul Lehners, gebuer den 20. Abrëll 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker a Mënscherechtsexpert.

Akademesch Carrière[änneren | Quelltext änneren]

No de Cours supérieurs de Luxembourg, huet de Jean-Paul Lehners tëscht 1968 an 1973 fir d'éischt zu Stroossbuerg an duerno zu Wien Geschicht studéiert. Als Assistent vum Michael Mitterauer (1973-1975) um Institut für Wirtschafts- und Sozialgeschichte ass de Jean-Paul Lehners no senge Studien zu Wien bliwwen an huet am Beräich “Strukturwandel der Familie in Österreich seit dem 17. Jahrhundert” geschafft. Duerch de Professer Mitterauer ass hien a Kontakt mam Wolfang Schieder, deemools Professer op der Universitéit zu Tréier, komm. Op deem seng Ufro hin, huet de Jean-Paul Lehners vun 1976 un als Chargé de cours e Cours iwwer Geschichtsdemographie op der Universitéit zu Tréier ginn (bis 1994). So sengem Stage pédagogique am Lycée Michel-Rodange (1975-1980) gouf hie Secondairesprofesser am Lycée technique Michel-Lucius (1980-1987) an duerno am Lycée Michel-Rodange (1987-1995). Tëscht 1984 an 1991 war hie Chargé de cours op der Universitéit zu Saarbrécken. Um Centre universitaire' war hie vun 1984 bis 1987 Chargé d'enseignement, vun 1987 bis 1990 Chargé de cours a vun 1990 bis 2003 Professer. Zanter 2003, dem Joer vun der Grënnung vun der Universitéit Lëtzebuerg, ass hie Professer op der Universitéit Lëtzebuerg. Hien huet ënner anerem d'Geschicht vu Lëtzebuerg an der Regioun, d'Geschicht vun der europäescher Expansioun, d'Aféierung an d'Geschichtswëssenschaft an déi domat verbonne Methode sou wéi och Globalgeschicht enseignéiert.

Nieft dem Enseignement huet de Jean-Paul Lehners administrativ Funktiounen um 'Centre Universitaire' an op der Universitéit Lëtzebuerg ugeholl. Um Centre Universitaire war hien Administrateur du département des lettres et des sciences humaines (1997-2003) an och Vizepresident (1999-2003). Vun 2003 bis 2007 war hie Vizerekter vun der Universitéit Lëtzebuerg (2004, nom Doud vum Rekter François Tavenas, war de Jean-Paul Lehners eng Zäit Recteur faisant fonction, ier dunn de Rolf Tarrach Ufanks 2005 Rekter gouf).

En anere Volet ass säin Interessi un de Mënscherechter op akademeschem Niveau. Zu deem Thema huet hien Artikele publizéiert an Exposéen a Konferenze gehalen. Vun 1999 un ass hien zu Venedeg National Director vum EMA (European Master in Human Rights and Democratisation), wou de Cours The History of Human Rights hält.

Zu Lëtzebuerg op der Universitéit ass hien zanter 2007 Chargé des dossiers Droits de l'Homme an zanter 2009 Coordinateur de l'Observatoire des droits de l'homme. Zanter 2011 ass hie Professer vun der Chaire UNESCO en droits de l'homme op der Universitéit zu Lëtzebuerg.

De Mënscherechtsexpert[änneren | Quelltext änneren]

1988 huet de Jean-Paul Lehners säin éischte Virtrag zu de Mënscherechter gehalen, an zwar zu Stroossen am Kader vum 40sten Anniversaire vun der Universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter. Säit Mëtt vun den 1990er Jore beschäftegt hie sech intensiv mat de Mënscherechter[1] a konnt sech deemno och nieft sengem Engagement op akademeschem Niveau als Mënscherechtsexpert profiléieren. De Jean-Paul Lehners ass Member vum Executive Board vum EIUC (European Inter University Center for Human Rights and Democratisation) zu Venedeg a President vun der Commission consultative des droits de l'homme (2006-).

Fuerschung, Interessien a Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Paul Lehners huet sech zanter sengem Studium fir den Zesummenhang vun der Geschichtswëssenschaft mat der Demographie a verschiddene geographesche Raim interesséiert. D'historesch Demographie ass um Ufank vun den 1960er Joren als nei Wëssenschaft an der Geschicht entstanen a war an den 1960er an 1970er Jore ganz beléift. Dem Jean-Paul Lehners senger Meenung no ass déi Wessenschaft „la science intégrative par excellence parce que si vous faites de la démographie vous devez connaître un peu de tout : l'histoire, la géographie, l'anthropologie, la médecine, les sciences politiques,…“.[2] De Jean-Paul Lehners ass vum deemolegen Opkomme vun der Nouvelle histoire, déi eng Fortsetzung vun den Iddie vun der École des annales war, beaflosst ginn. Dës Bewegung spigelt sech net nëmmen am Jean-Paul Lehners senger geschichtsdemographescher Dokteraarbecht erëm (1973), mä och an de Fuerschungsberäicher an deenen hie säit dem Ufank vu senger Historikercarrière täteg war.

Den zweete Beräich an deem hie geschafft huet, ass – wéi de Jean-Paul Lehners et nennt – d'”Déconstruction des mythes[2]. Vum Christoph Kolumbus, iwwer d'Geschicht vun der Saar-Lor-Lux bis hin zum Zweete Weltkrich oder de Familljestrukture reechen dobäi eng sëllechen Artikelen, déi gréisstendeels déi schrëftlech Faassung vun de Virträg sinn, déi hien am Laf vun de Jore gehalen huet. Den Ausléiser fir dësen Interesseberäich ass beim Michael Mitterauer ze sichen, deen 1980 säin éischten Artikel zu dësem Sujet publizéiert huet.[3] De Jean-Paul Lehners ass am Kader vun dësen Interessien an de Kontakt mat Soziologen, Anthrophologen, asw. komm. Dës Interaktioun huet hien dozou gefouert de Séminaire interdisciplinaire I.S.I.S. (Interdépendances des sociétés, interaction des sciences) 1989 ze grënnen. Hien huet och zu dësen Themen (Geschicht vun den Industriegebidder an Europa, Geschicht vu Regiounen, Natiounen an der Globalisatioun,...) d'Cahiers I.S.I.S., déi zwëscht 1994 an 2001 eraus komm sinn, koeditéiert.

Als Drëtt ass d'Globalgeschicht ze nennen. An dësem Beräich, wou hien eréischt säit deene leschte Jore schafft, huet hien zum Beispill vill un der Publikatioun vun der Rei “Globalgeschichte. Die Welt von 1000 – 2000” matgeschafft (Koeditioun vum Band dat d'16. an 18. Joerhonnert behandelt) an Artikele geschriwwen.

De véierte Volet ass d'Entwécklung vun der Drëtter Welt, well, sou de Jean-Paul Lehners, “parfois la seule chose qui se développe est le sous-développement“. D'Zäit an de Scoute an och déi zu Stroossbuerg a Wien hunn hien a jonke Joren op des Problematik opmierksam gemaach.

Als de fënneften a leschten Aspekt ass d'Geschicht vun de Mënscherechter ze nennen.

Nodeem de Jean-Paul Lehners sech als éischt op d'Sozialgeschicht spezialiséiert hat, ass hien an deene leschte Jore méi a méi zu der Globalgeschicht iwwergaangen. Hien huet sech also vum Trend vun der Geschichtswëssenschaft, déi sech an deene leschte Joerzéngten ëmmer méi vum Eurozentrismus ewechbeweegt, matzéie gelooss. Duerch seng Funktiounen um Centre universitaire an op den Universitéite Lëtzebuerg a Venedeg, hat de Jean-Paul Lehners nëmme wéineg Zäit fir kënnen ze publizéieren.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

1992 krut de Jean-Paul Lehners de "Prix Robert Krieps" als Grënnungsmember vun der Aarbechtsgrupp "Histoire de l'industrialisation en Sarre-Lor-Lux". 2001 gouf hie mam Prix Lions fir säin Engagement fir d'mënschlech Dignitéit ausgezeechent, deen e krut fir seng akademesch Leeschtunge mä "surtout comme un serviteur inlassable au profit des hommes souffrants et des organisations humanitaires."[4]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Paul Lehners war tëscht 1998 an 2009 President vun der Organisatioun Omega 90. Zanter 2008 ass hie President vun der Kommissioun Justitia et Pax vum Äerzbistum Lëtzebuerg.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1973: Die Pfarre Stockerau im 17. und 18. Jahrhundert. Erste Resultate einer demographischen Studie. In: H. Helczmanovski (Hg): Beiträge zur Bevölkerungs- und Sozialgeschichte Österreichs. München/Wien, p. 373-401
  • 1974: Haus und Familie im Markt Stockerau am Ende des 17. Jahrhunderts. In: Unsere Heimat. Zeitschrift des Vereins für Landeskunde von Niederösterreich und Wien 45, p. 222-235
  • 1977: (mam Hubert Hummer) Neoimperialismus und Dritte Welt. Zur Theorie von Abhängigkeit und „Unterentwicklung“ seit 1945 In: Alfred Bergmiller, Peter Feldbauer (Hg.): Kolonialismus, Imperialismus, Dritte Welt 1. Salzburg 1977, p. 175-212
  • 1978: Statistische Daten zu Abhängigkeit und Unterentwicklung In: Jean-Paul Lehners (Hg.): Kolonialismus, Imperialismus, Dritte Welt 2. Materialien. Salzburg 1978, p. 63-115
  • 1991: A propos de la démographie historique au Grand-Duché de Luxembourg. Sources, problèmes, perspectives. In: Historiens et populations. Liber amicorum Etienne Hélin. Louvain-la-Neuve, p. 85-108
  • 1993: Das Herzogtum Luxemburg im 18. Jahrhundert: ein ‘Goldenes Zeitalter’? In: Mélanges Paul Margue, Luxembourg, p. 369-390
  • 1997: (mam Michel Dorban an Jean-Marie Yante) Quatre siècles de sidérurgie luxembourgeoise (1380-1815) In: Hans-Walter Herrmann, Paul Wynants (éditeurs): Mutations de la sidérurgie du XVIe siècle à 1960 / Wandlungen der Eisenindustrie vom 16. Jahrhundert bis 1960, Namur, p. 113-138
  • 1999: Die Anfänge der portugiesischen Expansion In: Peter Feldbauer, Gottfried Liedl, John Morrissey (eds.): Von der mediterranen zur atlantischen Macht. Geschichte der europäischen Expansion bis in die frühe Neuzeit, Wien 1999, p. 126-147; nouvelle édition (2001) sous le titre: Vom Mittelmeer zum Atlantik. Die mittelalterlichen Anfänge der europäischen Expansion, Wien, p. 165-187
  • 2009: Gleich, aber doch verschieden? Ein Beitrag zur Frage der Frauenrechte am Ende des 18. Jahrhunderts am Beispiel Olympe de Gouges, in: Zeitschrift für Menschenrechte, 2009/1 p. 89-106
  • 2011: (zesumme mam Bernd Hausberger): Das 18. Jahrhundert: eine Beschleunigung, in: Bernd Hausberger, Jean-Paul Lehners (Hg): Die Welt im 18. Jahrhundert. Wien 2011, p. 12-41
  • 2011: (zesumme mam Norbert Franz): Wandel durch Vernunft? Von der Stände- zur Staatsbürgergesellschaft. Westeuropa, in: Bernd Hausberger, Jean-Paul Lehners (Hg): Die Welt im 18. Jahrhundert, Wien 2011, S. 184-215
  • 2011: (zesumme mam Norbert Franz): Nationsbildung in Luxemburg von der Französischen Revolution bis zum Beginn des Zweiten Weltkriegs: Konzepte, Debatten, Forschungserträge, in: Jacques P. Leider et al. (éditeurs): Du Luxembourg à l'Europe. Hommage à Gilbert Trausch à l'occasion de son 80e anniversaire, Luxemborg 2011, p. 235-249

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Prix Lions 2001 - Jean-Paul Lehners, chercheur et pédagogue; in: Le Républicain lorrain , Ausgab vum 14. Juni 2001.
  • "Schutz der Menschenrechte ist harte Arbeit" - "Journal"-Gespräch mit Jean-Paul Lehners, President der "Commission consultative des Droits de l'Homme" ; in: Lëtzebuerger Journal, Ausgab vum 3. August 2006 (Nr. 148).
  • Du Luxembourg à l'Europe. Hommages à Gilbert Trausch à l'occasion de son 80e anniversaire, Luxembourg 2011, S. 731.
  • Hausemer, Georges, Luxemburger Lexikon. Lëtzebuerg: Editions Guy Binsfeld, 2006, S. 241.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Paul Lehners – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Schutz der Menschenrechte ist harte Arbeit" - "Journal"-Gespräch mit Jean-Paul Lehners, President vun der "Commission consultative des Droits de l'Homme", in: Lëtzebuerger Journal, Ausgab vum 3. August 2006 (Nr. 148).
  2. 2,0 2,1 Interview mam Jean-Paul Lehners (03.05.2012)
  3. Mitterauer, Michael: Der Mythos von der vorindustriellen Großfamilie In: Mitterauer/Sieder: Vom Patriarchat zu Partnerschaft: Zum Strukturwandel Familie. 2.Auflage München: C.H. Beck 1980, S.38-63.
  4. Prix Lions 2001 - Jean-Paul Lehners, chercheur et pédagogue; in: Le Républicain lorrain , Ausgab vum 14. Juni 2001.