Lycée technique Michel-Lucius

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Haaptentrée vum Lycée Technique Michel Lucius mat enger Skulptur vum Raymond Petit um Lampertsbierg (Photo vun 2008)

De Lycée technique Michel-Lucius (Kuerzform: LTML) ass e Lycée technique um Lampertsbierg.

Inhaltsverzeechnes

Historique [änneren]

Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum "Enseignement moyen", gouf duerch groussherzoglecht Reglement vum 27. Mee 1966 de Collège d'enseignement moyen an der Stad Lëtzebuerg an d'Liewe geruff.

Duerch groussherzoglecht Reglement vum 9. Oktober 1979 gouf d'Bezeechnung vun der Schoul vu Collège d'enseignement moyen de Luxembourg op Lycée technique Michel-Lucius, genannt nom Geolog Michel Lucius, ëmgeännert.

Direkteren [änneren]

Formatiounen [änneren]

Enseignement secondaire technique [änneren]

Cycle inférieur

7e

  • Secondaire Technique
  • Secondaire Technique musicale

8e

  • Théorique
  • Polyvalente

9e

  • Théorique
  • Polyvalente

Orientatioun

Régime technique

Cycle moyen

10e-11e

  • Division technique générale (TG)
  • Division administrative et commerciale (CM)
  • Division de professions de santé et des professions sociales (PS)

Cycle supérieur

12e-13e

  • Section technique générale (GE)
  • Section de la formation administrative et commerciale (Section gestion)(CG)

Régime de technicien

10e-13e

  • Division administrative et commerciale (T0CM)(T1CM)(T2CM)(T3CM)

7ST musicale [änneren]

Vum dem Schouljoer 2011-2012 un, gëtt am LTML eng 7e musicale ugebueden. Déi nei Klass riicht sech un all 7ST-Schüler, déi zanter op d'mannst 2 Joer een (orchesterfähegt) Instrument spillen. Amplaz vum traditionelle Museksunterrecht bilde si am Musekscours e Klassenorchester, an deem si dann all zesummen d'Stécker aprouwen, déi bei schoulinternen Evenementer (wéi z. B. Scheck-Iwwerreechungen, 13e-Diploms-Feier) och viru Publikum opgefouert kënne ginn. D'Schüler vun der 7e musicale kënnen och an de Lampertsbierger Schülerorchester integréiert ginn, wou si dann och méi grouss Lycées-Schüler, déi en Instrument spillen, kenne léieren kënnen.

Op der 7e musicale gëtt genee de selwechte Programm wéi op "normalen" 7ST-Klassen behandelt, just den Inhalt vum Museksunterrecht ass de praktesche Fähegkeete vun de Schüler ugepasst an domadder anescht wéi op traditionelle 7ST-Klassen. Duerch d'7ST musicale soll den Engagement vun de Schüler an der Museksschoul oder dem Conservatoire och am Lycée honoréiert a gefërdert ginn. Et geet hei net drëms, eng Museker-"Elite" auszebilden, mä hinnen e gemeinsaamt positiivt Musekserliefnes z'erméigléchen.

Fanfare [änneren]

De Lycée ass bekannt fir seng Fanfare, déi am Joer 1981 gegrënnt gouf. 2003 huet d' Fanfare den éischte Präis beim "Young 2003 Prague Festival" gewonnen. Am Joer drop war s'op der zweeter Plaz.

Nodeems de fréieren Dirigent an Direkter, den Jean-Marie Gieres a Pensioun goung, gouf d'Fanfare am Joer 2010-2011 ëmstrukturéiert: Den LTML beteilegt sech och elo um "Lampertsbierger Schülerorchester", sou dass d'Traditioun vun engem Schoulorchester am LTML weidergoen kann. Den Lampertsbierger Schülerorchester existéiert zanter 2008 an erméijelecht et allen Schüler aus den staatléchen Lampertsbierger Lycéeën, zesummen an engem Orchester ze spillen. Dësen Orchester gouf 2006 vun der Musikprofessorin Danièle Diederich am LTAM zesummen mat enger Rei engagéierten Schüler gegrënnt an zanter 2008 participéieren och den LGL an den LRSL.

Vu que dass den LTML eng laang Traditioun an Erfahrung an der Gérance vun engem Orchester huet an d'Traditioun vun der Lucius-Fanfare weiderliewen soll, gouf d'Verwaltung vum LSO ab dem Schouljoer 2010-2011 och an den LTML verluecht. Den Orchester prouft och zanterhier am Lycée Technique Michel Lucius.

Den LSO probéiert méijelechst ouni Aushëllef auszekommen an gëtt vun engem Team vun Professeuren an enger Educatrice graduée organiséiert, di selwer och all en Instrument spillen.

D'Traditioun vum Place-d'Armes-Concert vun der Lucius-Fanfare gouf 2010 rëm opgeholl, an am Juli 2011 geet den Orchester och op eng kuerz Orchestertournée an Däitschland.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]