El Hierro
El Hierro ass di klengste vun de siwen Haaptinselen vun de Kanaren a Spuenien.
Si läit am Atlantik a gehéiert zur Provënz Santa Cruz de Tenerife an d'Haaptstad ass Valverde.
Geographie [änneren]
El Hierro ass di westlechst a klengsten Insel vun de Kanaren an huet eng Fläch vun 268,71 km². Si huet 10.558 Awunner (INE, 2007).
Den héchste Punkt ass an der Mëtt vun der Insel, de Bierg Malpaso mat enger Héicht vun 1.502 m iwwert dem Mieresspigel.
El Hierro ass mat der Punta de La Restinga de meridionalsten a mat der Punta de La Orchilla de westlechste Punkt vu Spuenien. Zu El Hierro gehéieren nach d'Inselen Roques de Salmor mat enger Fläch vun 0.03 km².
Koordinaten:
27° 44’ 00’’ N 18° 03’ 00’’ W
Andeelungen [änneren]
El Hierro ass an dräi Gemengen agedeelt: Valverde, Frontera an El Pinar.
Haaptinselen: Fuerteventura | Gran Canaria | La Gomera | El Hierro | Lanzarote | La Palma | Teneriffa
Nieweninseln: Alegranza | Graciosa | Los Lobos | Montaña Clara | Roque del Este | Roque del Oeste
| Commons: El Hierro – Biller, Videoen oder Audiodateien |