Arrecife

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Arrecife
Castillo de San Gabriel
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft
Kanaresch Inselen
Provënz Las Palmas
Awunner 55.203 (2006)
Fläch 22,72
Koordinaten 28° 57’ 44’’ N 13° 33’ 0’’ W
Telefonszon 928
Postcode 35500
Websäit http://www.arrecife.es/


Arrecife ass déi politesch a wirtschaftlech Haaptstad vun der Kanarescher Insel Lanzarote. Si huet 1852 déi al Haaptstad Teguise bannen am Land ofgeléist. Arrecife ass och eng vun de siwe Gemengen op der Insel an huet 55.203 Awunner (2006) - knapps 44 Prozent vun alle Lanzaroteños. Arrecife erstreckt sech iwwer eng Fläch vun 22,72 Quadratkilometer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Arrecife gouf fir d'éischt am 15. Joerhonnert als klengt Fëscherduerf an der Geschicht ernimmt. Hiren Numm krut d'Stad duerch d'Arrecifes, schwaarz vulkanesch Riffer, hanner deene sech d'Booter virun den Iwwerfäll vu Pirate verstoppt hunn.
Géint d'Enn vum 16. Joerhonnert huet Arrecife ugefaangen ze wuessen. Deemools ass och eng éischt Kierch gebaut an zu Éiere vum éischte Bëschof vun Arrecife, San Ginés genannt ginn. Arrecife war du méi wéi jee d'Zil vu Piratenugrëffer. 1571 huet dee berüchtegte Séiraiber Dogan d'Hafestiedchen iwwerfall a bal ganz zerstéiert.

Ettlech Jore méi spéit ass mam Bau vum Castillo de San Gabriel op der klenger, virgelagerter Insel Islote de Fermina ugefaange ginn, mam Gedanken, d'Stad virun de Piraten ze schützen. Trotzdeem ass de Pirat Morato Arraez schonn 1586 zu Arrecife gelant an huet och d'Festung Castillo de San Gabriel zerstéiert.

Fotoalbum vun Arrecife[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arrecife – Biller, Videoen oder Audiodateien