Robert Fico
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Robert Fico ("Fitso" ausgeschwat) gebuer de 15. September 1964 zu Topoľčany, ass e slowakesche Jurist a Politiker (Smer-SD).
1999 huet hien d'Smer-SD gegrënnt (hien ass hire President), där sech an de Joren duerno aner Lénksparteien ugeschloss hunn. 2006 huet d'Smer-SD d'Wale géint déi liberal Mëtt-Riets-Regierung gewonnen. Zënterhir ass de Fico Premierminister vun enger Koalitiounsrtegierung mat der nationalister Slowakescher Nationalpartei (SNS) an der populistescher Vollekspartei-Beweegung fir eng demokratesch Slowakei (ĽS-HZDS).
Bei de Parlamentswalen am Juni 2010 gouf d'Smer-SD nees stäerkste Partei, mee d'Regierungsparteie krute keng Majoritéit méi.
| Commons: Robert Fico – Biller, Videoen oder Audiodateien |