Francesco Cossiga
De Francesco Cossiga, gebuer de 26. Juli 1928 zu Sassari a gestuerwen de 17. August 2010 zu Roum, war en italienesche Politiker.
De Francesco Cossiga huet sech fréi politesch engagéiert. Mat 17 Joer gouf hie Member vun der chrëscht-demokratescher Partei Democrazia Cristiana (DC), déi nom 2. Weltkrich e puer Jorzéngte laang stäerkste Partei an Italien war. Hien huet Droit studéiert, an nom Ofschloss dovunner déi heite politsch Fonctiounen ausgeübt:
- Deputéierten am italienesche Parlament;
- Inneminster (Ministro dell'Interno);
- Staatssekretär fir Verdeedegung;
- Ministerpresident (Presidente del consiglio dei ministri) vum 5. August 1979 bis den 18. Oktober 1980;
- Senatspresident (Presidente del Senato della Repubblica)
- President vun Italien (Presidente della Repubblica) vu 29. Juni 1985 bis 1992;
- Senator op Liewenszäit.
Als Staatspresident huet hien nom Fall vum Eisene Rideau probéiert, den Antagonismus an Italien tëscht der kommunistescher Partei, der PCI, an op der aner Säit de DC, opzebriechen, dee jorzéngtelaang d'politscht Geschéien dominéiert a skleroséiert hat.
Nodeems d'DC duerch eng ganz Rëtsch vu Skandaler, déi an den 1990er Jore public goufen, implodéiert war, huet de Cossiga versicht, eng nei mëtt-riets Partei, d'Unione Democratica per la Repubblica (UDR) z'etabléieren. Dorausser gouf awer net vill, an esou ass hien 2002 vu sengem Senatoresëtz op Liewenszäit zeréckgetrueden.
| Commons: Francesco Cossiga – Biller, Videoen oder Audiodateien |