Valdis Dombrovskis

Vu Wikipedia
Valdis Dombrovskis
Gebuer 5. August 1971
Rīga
Nationalitéit Lettland
Educatioun Johannes Gutenberg Universitéit
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Physiker
Partei Vienotība, Jaunais laiks
Famill
Bestuet mat Ārija Dombrovska

De Valdis Dombrovskis, gebuer de 5. August 1971 zu Riga, ass e lettesche Politiker an zanter dem 1. November 2014 Member a Vizepresident an der Europäescher Kommissioun. Ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker war hie responsabel fir d'Wärungsunioun an de Sozialdialog. Zanterhier, an der Kommissioun Von der Leyen, ass hie vu September 2020 u Kommissar fir den Handel, nodeems e kuerz faisant fonction fir d'Economie an d'Kapitaldéngschtleeschtungen zouqtänneg war.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Dombrovskis huet zu Riga Physik an Ekonomie fir Ingenieure studéiert. Vun 1995 bis 1996 war hie Fuerschungsassistent an Däitschland an an d'Vereenegt Staaten.

Vum 7. November 2002 bis den 9. Mäerz 2004 war den Dombrovskis Finanzminister an der Regierung Repše. Vum Juni 2004 u war hien Deputéierten am Europäesche Parlament. Nom Récktrëtt vum Premierminister Ivars Godmanis gouf den Dombrovskis de 26. Februar 2009 vum Staatspresident Valdis Zatlers chargéiert, eng nei Regierung ze forméieren. Den 12. Mäerz 2009 gouf dës vun der Saeima (Parlament) confirméiert.

D'Parlamentswale vum 2. Oktober 2010 hunn de Parteie vum Dombrovskis senger Regierungskoalitioun eng däitlech Majoritéit abruecht, soudatt se virufuere kann.

De 27. November 2013 ass hien zeréckgetrueden, fir d'politesch Resposabilitéit vum Ongléck zu Riga ze huelen, woubäi den Daach vun engem Akafszenter an e Koup gefall war an iwwer 50 Leit leie bliwwe sinn.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Dem Valdis Dombrovskis seng Homepage

Commons: Valdis Dombrovskis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Mehr als 50 Tote: Lettischer Premier tritt nach Supermarkt-Tragödie zurück." spiegel.de, 2013-11-27.