Mykola Asarow

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mykola Azarov2.jpg

De Mykola Janowytsch Asarow, op Ukrainesch Микола Янович Азаровm, gebuer de 17. Dezember 1947 zu Kaluga a Russland als Nikolai Janowitsch Pachlo, op Russesch Николай Янович Пахло, ass en ukrainesche Politiker. Hien ass zënter dem 11. Mäerz 2010 Premierminister vun der Ukrain. Virdru war en ënnert dem Wiktor Janukowytsch Finanzminister a Vizeregierungschef vu der Ukrain.

Hien hat seng berufflech Carrière 1971 als Chef de Service an dunn Chefingenieur an enger Kuelegrouf ugefaang a goung 1976 an d'Fuerschung. 1984 ass en an d'Ukrain wunne gaangen, wou en als (Vize-)Direkter vun engem Institut fir Biergbau a Geologie geschafft huet. Hien huet 1986 en Dokter-Titel fir Geologie a Mineralogie kritt an 1991 de Titel als Professer.

Seng politesch Carrière huet en ufanks der 1990er Joren ugefaangen, an der Partei vun der Aarbecht (Partija Prazi), déi méi spéit a Partei vun der regionaler Erëmgebuert (Partija Regionalnoho Wyroschdennja) an 2001 a Partei vun de Regiounen (Partija Rehioniw) ëmgenannt gouf. Den Asarow gouf 1994 an d'Werchowna Rada, d'ukrainescht Parlament, gewiellt. Hie war 2001 President vun der Partija Regioniw an huet dunn d'Présidence un de Wiktor Janukowytsch iwwerginn.

Vun 26. November 2002 bis Dezember 2004, an dann nees vum 4. August 2006 bis den 18. Dezember 2007 war den Asarow Vize-Premier- a Finanzminister an der Regierung Janukowytsch I an II.

Wéi de Janukowytsch bei de Presidentschaftswahlen 2010 gewonnen huet, gouf den Asarow eng weider Kéier President vun der Partei vun de Regiounen. Den 11. Mäerz 2010 gouf en zum ukrainesche Ministerpresident gewielt.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Mykola Asarow – Biller, Videoen oder Audiodateien