Viktor Orbán

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Viktor Orbán
Gebuertsnumm Orbán Viktor Mihály
Gebuer 31. Mee 1963
Nationalitéit Ungarn
Educatioun Eötvös Loránd Universitéit
Aktivitéit Jurist, Foussballspiller, Affekot, Politiker

De Viktor Orbán [ ˈviktor ˈorbaːn ] (an Ungarn traditionell Orbán Viktor geschriwwen), gebuer den 31. Mee 1963 zu Székesfehérvár, ass en ungaresche Politiker vun der rietskonservativer Partei Fidesz an zanter dem 29. Mee 2010 Premierminister vun Ungarn (Regierung Orban II).

Den Orbán ass Jurist a war 1988 ee vun de Matgrënner vum Bond vun de Jonken Demokraten (Fiatal Demokraták Szövetsége, Fidesz). E gouf bekannt wéi en an enger Ried, am Kader vun der Ëmbettung vum Imre Nagy senge stierflechen Iwwerreschter, dozou opgeruff huet datt d'Truppe vun der Rouder Arméi aus Ungarn ofgezu sollte ginn.

1993 gouf e Parteichef vun der Fidesz, ass 2000 dunn zeréckgetrueden an nees 2003 Parteichef ginn. Zanter 1990 ass hien Deputéierten am nationale Parlament a war tëscht 1990 an 1993 Fraktiounspresident vu senger Partei.

Ënner senger Féierung huet sech d'Fidesz vun enger liberaler zu enger konservativer Partei changéiert. 1998 huet en d'Wale gewonnen an d'Fidesz huet mat der konservativer Partei vun de Klengbaueren (FKgP) an dem Ungareschen Demokratesche Forum (MDF) eng Koalitiounsregierung op d'Been gestallt. 2002 huet en d'Wale géint d'Sozialisten, mat hirem Parteipresident Péter Medgyessy, verluer. Och 2006 huet e knapps géint de sozialistesche Ministerpresident Ferenc Gyurcsány verluer.

Bei de Parlamentswale vum Abrëll 2010 huet d'Fidesz mat 67 % vun de Stëmmen héich géint d'Sozialiste gewonnen. Den Orban gouf doropshin den 29. Mee zum Premierminister ernannt.

Den Orbán ass bestuet a Papp vu fënnef Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Viktor Orbán – Biller, Videoen oder Audiodateien