Concours littéraire national 2010

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2010, dee wéi gewinnt vum Kulturministère organiséiert gëtt, huet sech 2010 ëm de Roman gedréint. En huet sech un Auteure geriicht, déi Lëtzebuerger sinn, oder am Land wunnen. D'Manuskript huet nach net däerfe publizéiert gi sinn, a missen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwe sinn.[1]

Den 28. Oktober 2010 goufen d'Lauréate bekannt gemaach[2]

D'Gewënner goufen den 2. Dezember 2010 am Mierscher Nationale Literaturzenter vun der Staatssekretärin fir Kultur, Octavie Modert, ausgezeechent.

Jury[änneren | Quelltext änneren]

  • Romy Diederich
  • Hermine Koster
  • Guy Bentner
  • Pierre Mergen
  • Pascal Seil

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Concours littéraire national 2010" cnl.public.lu, 24.11.2009
  2. Concours littéraire national 2010. Communiqué op gouvernement.lu, 28-10-2010.