Concours littéraire national 2019

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2019 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gouf. En huet sech 2019 ëm Romaner gedréint.

Auteuren, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis den 3. Juni 2019 déi vun hinne verfaasst Romaner areechen, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht gi waren.[1]

Den nationale Literaturpräis gouf de 4. Dezember 2019 am nationale Literaturzenter zu Miersch iwwerreecht.

Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

Wéi virdru gouf et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 15 a 25 Joer, a fir déi méi al.

Den éischte Präis goung un de Samuel Hamen fir säi Roman I.L.E. a Lëtzebuerger Sprooch. D'Olivia Katrandjian krut den 2. Präis fir The Ghost Soldier. Den 3. Präis goung un d'Anja Di Bartolomeo fir hire Roman Wundholz. An der Kategorie "Jonk Auteure vu 15 bis 25 Joer" huet La Quête vum Antoine Pohu den éischte Präis kritt.[2]

D'Jury huet sech zesummegesat aus dem Jérôme Jaminet (President), der Fabienne Gilbertz, der Ludivine Jehin, dem Marcel Kieffer an dem Jay Schiltz.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Le Concours littéraire national 2019 portera sur la roman." Communiqué op gouvernement.lu, 11.9.2018.
  2. "Résultats du Concours littéraire national 2019." Communiqué op gouvernement.lu, 28.10.2019.