Dilma Rousseff
| Dilma Rousseff 14. Dezember 1947– |
||||||
|
|
||||||
| 36. Presidentin vu Brasilien | ||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
D'Dilma Vana Rousseff, gebuer de 14. Dezember 1947 zu Belo Horizonte, ass eng brasilianesch Politikerin an zënter dem 1. Januar 2011 36. Presidentin vu Brasilien.
Zënter der Mëtt vun den 1960er Jore war si a sozialistesche Gruppéierungen aktiv an huet sech an der Resitenz géint d'Militärdiktatur engagéiert, wat hir ë. a. e puer Joer Prisong abruecht hat. Nodeems se fräigelooss gouf, huet se, zesumme mam Carlos Araújo, am Bundesstaat Rio Grande do Sul d'PDT (Partido Democratico Trabalhador) opgeriicht, an huet verschidde politesch Ämter op lokalem a regionalem Plang gehat. 2000 huet se d'PDT verlooss a sech der Aarbechterpartei (Partido dos Trabalhadores) ugeschloss.
Vum 15. Juni 2005 bis den 1. Abrëll 2010 war si Conseillère a Cheffe de Cabinet vum brasilianesche Staatspresident Luiz Inácio Lula da Silva. Virdru war si ronn zweeanenhalleft Joer Ministesch fir Energie.
2010 huet d'Dilma Rousseff fir d'Presidentschaftswale kandidéiert. Den 31. Oktober gouf si am zweeten Tour mat 55 Prozent vun de Stëmmen, als éischt Fra; zur Presidentin gewielt. Si huet hiert Amt den 1. Januar 2011 ugetrueden.