Leonel Fernández

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Leonel Fernández

De Leonel Antonio Fernández Reyna, gebuer de 26. Dezember 1953 zu Santo Domingo, ass e Jurist, Politiker an zënter 2004 Staatspresident an der Dominikanescher Republik.

Als Kand ass hie mat senger Familljen op New York an d'USA emigréiert, wou hien seng Kandheet a Jugend verbruecht huet. Duerno goung hien nees zréck an d'Dominikanesch Republik fir Droit ze studéieren.

Hien huet sech dunn och politesch engagéiert a gouf an den 1970er Joeren en enke Mataarbechter vum Juan Bosch, dem fréieren dominikanesche Staatspresident, den 1963 duerch ee Militärputsch gestierzt gi war.

Als Kandidat vun der sozialdemokratescher Partido de la Liberación Dominicana (PLD) gouf hien 1996 eng éischte Kéier fir véier Joer zum President vu sengem Land gewielt. De 16. Mee 2004 gouf en op en Neies an dat Amt gewielt, an op den Dag genee 4 Joer dono erëmgewielt.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Leonel Fernández – Biller, Videoen oder Audiodateien