Jängy Schmit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jängy Schmit oder Jean Schmit, gebuer den 9. August 1931 zu Diddeleng [1] a gestuerwen den 28. Oktober 2010[2] zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden. [3]
De Jängy Schmit ass an de Joren 1953, 1954 a 1956 den Tour de France gefuer. Hien huet sech 1953 als 72. klasséiert. 1954 a 1956 huet en all Kéier an der 11. Etapp opginn.
Inhaltsverzeechnes |
Auszeechnungen [änneren]
- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg [4]
Palmarès [änneren]
1948 [änneren]
- 1. am Grand Prix Général Patton (Débutants)
1950 [änneren]
- 11. an der Österreich-Rundfahrt (5. am Biergklassement)
- 1. an der 1. Etapp vu Wien op Graz (200 km)
- 2. an der 2. Etapp vu Graz op Klagenfurt (153 km)
1952 [änneren]
- 4. an der Österreich-Rundfahrt (2. am Biergklassement)
- 2. an der 1. Etapp vu Wien op Graz (200 km)
- 10. an der 3. Etapp vu Klagenfurt op Lienz (147 km)
- 6. an der 4. Etapp vu Lienz op Saalbach (114 km)
- 8. an der 5. Etapp vu Saalbach op Innsbruck (168 km)
- 9. an der 6. Etappe vun Innsbruck op Salzburg a vu Salzburg op Linz (280 km)
- 7. an der 7. Etappe vu Linz op Wien (182 km)
1953 [änneren]
- 72. am Tour de France
1954 [änneren]
- Tour de France (opginn an der 11. Etapp)
1955 [änneren]
- Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
1956 [änneren]
- Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 8. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
- Tour de France (opginn an der 11. Etapp)
1957 [änneren]
- Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 9. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
1958 [änneren]
- Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 7. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
1959 [änneren]
- 5. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
1960 [änneren]
- Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
1961 [änneren]
- Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
1963 [änneren]
- Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
1965 [änneren]
- Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
Kuckt och [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ De Jängy Schmit op dem Site vu sports-reference.com
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 255 vum 2. November 2010, S. 50
- ↑ De Jean Schmit op dem Site vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ 30-06-2008: Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l’honneur