Joan Sutherland

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Joan Sutherland, 1975
D'Joan Sutherland, 1990

D'Joan Alston Sutherland, gebuer de 7. November 1926 zu Sydney an New South Wales, a gestuerwen den 10. Oktober 2010 zu Montreux-Les-Avants an der Schwäiz[1][2], war eng australesch Sopranistin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 19 Joer huet si hir Studien um Conservatoire zu Sydney ugefaangen. No éischten Optrëtter an Australie goung si 1951 op London fir hir Ausbildung weiderzeféieren. Ee Joer méi spéit ass si am Mozart senger Zauberflöte am Royal Opera House am Covent Garden opgetrueden, wou hir Begabung als Koloratursopranistin entdeckt gouf.

Si huet sech zu enger vun de beschte Sängerinnen an hirem Fach entwéckelt an huet an de gréissten Operenhaiser gesongen: 1959 an der Wiener Staatsoper, 1960 an der Mailänder Scala an 1961 an der New Yorker Metropolitan Opera, wou si d'Titelpartie am Gaetano Donizetti senger Lucia di Lammermoor gesongen huet. Vun hire Fans gouf se La Stupenda, „déi Wonnerbar“, genannt.

1961 krut d'Joan Sutherland den Uerden Dame Commander of the British Empire, 1978 den Titel Dame Commander an 1991 gouf se vun der Kinnigin Elizabeth II. perséinlech mat dem Order of Merit ausgezéchent.

Si ass 1990 fir d'lescht opgetrueden. Dat war am Royal Opera House zu London an Die Fledermaus, zesumme mat dem Luciano Pavarotti an der Marilyn Horne.

Si war zanter 1954 mam australeschen Dirigent Richard Bonynge bestuet. Si hunn ee Jong, den Adam.

D'Joan Sutherland gëllt als eng vun de bedeitendste Sängerinne vum 20. Joerhonnert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Celebrated opera singer Joan Sutherland dies at 83, The Washington Post, 11. Oktober 2010.
  2. Joan Sutherland dies at 83 Los Angeles Times, 12. Oktober 2010