Teatro alla Scala

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Qsicon Ueberarbeiten.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Scala am Januar 2007

Den Teatro alla Scala (och: Mailänder Scala) ass engt Operenhaus zu Mailand, dat den 3. August 1778 opgang ass. Et huet den Teatro Regio Ducale zu Mailand, dee 1776 verbrannt war, ersat. D'Maria Theresia hat d'Kierch Santa Maria della Scala (1381, genannt no der Beatrice Regina della Scala, Fra vum Bernabò Visconti) fir den Neibau ofräisse gelooss, an duerch de klassizisteschen Architekt Giuseppe Piermarini dat neit Opernhaus an nëmmen 23 Méint opriichte gelooss. Bei der Première gouf dem Antonio Salieri seng Oper L'Europa riconosciuta opgefouert. D'Mailänder Scala zielt haut zu de bedeitensten Opernheiser op der Welt.

D'Saison fänkt all Joer de 7. Dezember, dem Namenstag vum Statpatroun vu Mailand, dem Hl. Ambrosius (Sant'Ambrogio), un.

No dem totale Schued am Zweete Weltkrich (1943) gouf dat legendäärt Operenhaus rëm a Rekordzäit opgebaut. Den 11. Mee 1946 gouf et mat engem Concert mam Arturo Toscanini nei opgemaach.

[änneren] Bedeitiend Uropféierungen an der Scala

D'Scala bannenan

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Teatro alla Scala di Milano – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools