Metropolitan Opera

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dat „aalt“ Metropolitan Opera Gebai am Joer 1905

D'Metropolitan Opera ass eng Theater-Gesellschaft am Lincoln Center zu New York, Bundesstaat New York. Si gëtt allgemeng als Met bezeechent a gëtt zu de weltweit féierenden Operenhaiser gezielt. Zënter dem Ufank vu der Saison 2006/07, ass de Peter Gelb General Manager vu der Met an de James Levine Music Director.

Inhaltsverzeechnes

Die al Oper [änneren]

Déi nei Oper vu bannen

D'Metropolitan Opera Company gouf am Joer 1880 gegrënnt. Den Architekt J. Cleaveland Cady huet hir dunn en Operenhaus gebaut, dat tëscht der 39. a 40. Strooss um Broadway louch. De 27. August 1892 gouf d'Gebai duerch e Brand schwéier beschiedegt. No grousse Renovéierungsaarbechte konnt d'Operenhaus erëm opmaachen, a bis 1966 benotzt ginn. Duerno huet d'Metropolitan Opera Company beschloss, hire Sëtz an och hiert Operenhaus, op d'Plaz vun haut ze verleeën. Dat éischt Gebai gouf 1967 ofgerass.

D'Trapenhaus an de Foyer

Déi nei Oper [änneren]

Am September 1966 ass d' Gesellschaft an déi nei Raimlechkeeten am Lincoln Center for the Performing Arts zesumme mat 12 aneren Organisatioune geplënnert. D'Gebai läit tëscht der Columbus an Amsterdam Avenue an tëscht der 62. a 65. Strooss um Upper West Side vu Manhattan. Am Haaptsall ass Plaz fir 3.900 Persounen.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Metropolitan Opera – Biller, Videoen oder Audiodateien