Eyjafjallajökull

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Eyjafjallajökull (Islännesch: Inselbierger-Gletscher) ass ee vun de méi klenge Gletscheren an Island. Den Eyjafjallajökull läit nërdlech vun der Uertschaft Skógar a westlech vun dem méi grousse Gletscher Mýrdalsjökull.

[änneren] Vulkan

D'Äiskap vum Gletscher bedeckt de 1666 Meter héije Vulkan Guðnasteinn. Dësen ass relativ heefeg zënter der leschter Äiszäit ausgebrach, déi virleschte Kéier tëscht 1821 an 1823, wéi de Gletscher duerchbrach gouf. De Krater vum Vulkan huet en Duerchmiesser vun 3-4 km. De Gletscher selwer huet eng Surface vun 100 km².

[änneren] Ausbroch 2010

Ëstlech vum Gletscher, um Fimmvörðuháls-Pass, ass et den 20. Mäerz 2010 zum Ausbroch komm. Eng zweet, méi staark Eruptioun huet de 14. Abrëll 2010 ugefaangen. D'Äschen, déi kilometerhéich an d'Luucht gespaut goufen, si vum Wand no Süde geblose ginn an hunn an den Deeg duerno dozou gefouert, datt an iwwer 3/4 vun Europa de Fluchverkéier huet misse gespaart ginn.

[änneren] Fotogalerie

Commons: Eyjafjallajökull – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen