Fredrik Reinfeldt

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Frederik Reinfeldt, Juni 2011

Den John Fredrik Reinfeldt, gebuer de 4. August 1965 zu Haninge, ass e schwedesche Politiker an zënter 2006 Premierminister a Schweden.

Hien huet Economie studéiert. Zënter 1991 ass hien Deputéierten fir déi liberal-konservativ Moderata samlingspartiet ("Moderat Sammlungspartei") am schwedesche Parlament. Wéi d'Mëtt-Riets-Regierung 1994 bei de Wale staark Stëmme verluer huet, huet de Reinfeldt de Parteichef Carl Bildt kritiséiert, wat derzou gefouert huet, datt en an der Partei isoléiert gouf. No engem neie Parteiepresident 1999 (dem Bo Lundgren) an enger dramatescher Walnéierlag 2002 huet de Reinfeldt nees un Afloss a senger Partei gewonnen.

De 25. Oktober 2003 gouf hien als Nofolger vum Lundgren neie Parteipresident. Hien huet an de Joeren dono d'Partei méi am Zentrum vum politesche Spektrum positionnéiert.

2006 huet de Reinfeldt bei de Parlamentswalen d'Allianz fir Schweden ugefouert, déi aus véier mëtt-rietse Parteie bestoung: der Moderater Sammelpartei, der Zentrumspartei, der Liberaler Vollekspartei an de Chrëschtdemokraten. De 17. September 2006 huet d'Allianz gewonnen, a Schweden hat, fir d'éischt zënter 1932 (mat zwou Ausnamen), keng sozialistesch Regierung.

De 6. Oktober huet de Reinfeldt seng Regierung presentéiert.

Bei de Parlamentswalen vum 2010 krut seng Allianz zwar déi meeschte Stëmmen, awer net méi d'Majoritéit. Déi nei Regierung, an där de Reinfeldt Premierminister bleift, ass op den nationalistesche Schwedendemokraten hir Stëmme mat ugewisen.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Fredrik Reinfeldt – Biller, Videoen oder Audiodateien