Christian Wulff
De Christian Wilhelm Walter Wulff, gebuer den 19. Juni 1959 zu Osnabrück, ass en däitsche Politiker (CDU). Hie gouf den 30. Juni 2010 zum däitsche Bundespresident gewielt an huet säin Amt den 2. Juli 2010 ugetrueden. De 17. Februar 2012 ass hien zeréckgetueden, nodeems bekannt gi war, datt hien a senger virechter Fonctioun gewëss Avantagen ugeholl hat, déi domatter net kompatibel waren.[1]
Virdru war hien zënter 2003 Ministerpresident vum Bundesland Niddersachsen.
De Wulff ass e Jurist an Affekot, an zënter 1975 politesch an der CDU aktiv. Hie souz tëscht 1986 an 2001 am Gemengerot vun Osnabrück an zënter 1994 am "Landtag" (Regionalparlament) vun Niedersachsen. Zweemol, 1994 an 1998 huet hien un der Spëtzt vun der CDU géint d'SPD ënner dem Gerhard Schröder d'Wale verluer, ier en se dunn 2003 géint den deemolege Ministerpresident Sigmar Gabriel gewonnen huet.
Theodor Heuss · Heinrich Lübke · Gustav Heinemann · Walter Scheel · Karl Carstens · Richard von Weizsäcker · Roman Herzog · Johannes Rau · Horst Köhler · Christian Wulff · Joachim Gauck
Referenzen [änneren]
- ↑ "Christian Wulff zurückgetreten, Merkel sucht Konsenskandidaten". spiegel.de, 17.02.2012.
| Commons: Christian Wulff – Biller, Videoen oder Audiodateien |