Roman Herzog
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Roman Herzog gebuer de 5. Abrëll 1934 zu Landshut, war vun 1994 bis 1999 de 7. däitsche Bundespresident.
Als Member vun der CDU an ausgebillte Jurist war hie vun 1978-1980 Kultusminister a vun 1980-1983 Innenminister vu Baden-Württenberg. Vun 1983-1994 war hie Riichter um Bundesverfassungsgeriicht.
Hien huet den europäesche Konvent geleet, dee vun 1999-2000 d'Grondrechter vun der EU ausgeschafft huet.
Bundespresidente vun Däitschland
Theodor Heuss · Heinrich Lübke · Gustav Heinemann · Walter Scheel · Karl Carstens · Richard von Weizsäcker · Roman Herzog · Johannes Rau · Horst Köhler · Christian Wulff · Joachim Gauck
| Commons: Roman Herzog – Biller, Videoen oder Audiodateien |