Harry Mulisch
Den Harry Mulisch, gebuer den 29. Juli 1927 zu Haarlem a gestuerwen den 30. Oktober 2010[1] zu Amsterdam, war en hollännesche Schrëftsteller, deen zu deene wichtegsten hollännesche Nokrichs-Romanciere gezielt gëtt.
Säi Papp war een Austro-Ungar, deen nom éischte Weltkrich an Holland ausgewandert war, bei enger Bank geschafft huet, an deen nom Zweete Weltkrich 3 Joer wéinst Kollaboratioun veruerteelt gouf. Seng Mamm war eng Jiddin vun Antwerpen, Duechter vun engem däitsche Banquier. Wéinst sengem Papp a senge gudde Relatioune mat den Däitsche Besatzer blouf hir an hirem Bouf Harry d'Deportatioun an e KZ erspuert. Spéider sot den Harry Mulisch vu sech selwer: "Ech sinn den Zweete Weltkrich".
Sou ass den Zweete Weltkrich dann och en Thema dat ëmmer nees am Mulisch sengem Wierk opgegraff gouf. 1963 huet hien z. B. en Essay iwwer den Adolf Eichmann geschriwwen. Aner Romaner, déi zu där Zäit spillen, sinn De aanslag (1982; fr: "L'attentat"), Het stenen bruidsbed (1959; fr: "Les noces de pierre"), a Siegfried. Een zwarte idylle (2000; fr: "Siegfried, une idylle noire"). Och Legenden a mythologesch Themen huet hie gären opgegraff a verschafft, wéi z. B. déi jiddesch Mythologie a sengem bekanntste Roman, De ontdekking van de hemel (1992, de: "Die Entdeckung des Himmels", fr: "La découverte du ciel").
De aanslag an De ontdekking van de hemel goufen allebéid verfilmt.
De Mulisch gouf mat enger Hellewull Präisser ausgezeechent, dorënner de Constantijn Huygensprijs an de P.C. Hooftprijs (allen zwéin 1977), an de Prijs der Nederlandse Letteren (1995).
Referenzen [änneren]
- ↑ Mort de Mulisch, (nl) NU.nl
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Harry Mulisch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Hitler war ein schwarzes Loch Interview vun 2001 (de)