Marshallinselen
| Aolepān Aorōkin M̧ajeļ (marshallesesch) Republic of the Marshall Islands (englesch) |
|||||||
|
|
|||||||
| Offiziell Sprooch: | Englesch a Marshallesesch | ||||||
| Haaptstad: | Majuro | ||||||
| • Awunner: | 25.400 | ||||||
| Staatsform: | Republik | ||||||
| • President: | Jurelang Zedkaia | ||||||
| Fläch: | 181,3 km² | ||||||
| Bevëlkerung: | 63.174 | ||||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 348,5/km² | ||||||
| Onofhängegkeet: | 21. Oktober 1986 | ||||||
| Nationalhymn: | Forever Marshall Islands | ||||||
| Zäitzon: | UTC +12h | ||||||
| Internet TLD: | .mh | ||||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+ 692 | ||||||
D'Republik vun de Marshallinselen ass en Inselstaat am westleche Pazifeschen Ozean. De Staat begräift d'Inselgrupp mat demselwechten Numm, déi zu Mikronesien gehéiert.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie[änneren]
D' Marshallinsele bestinn aus zwou bal paralleel ausgeriichten Insel- beziehungsweis Atollketten: d'Ratak-Ketten am Osten wéi d'Ralik-Ketten am Westen, déi aus enger vill Atollen an e puer isoléierten Insele bestinn.
De Klima ass fiicht a waarm mat enger Reendauer vu Mee bis November. D'Insele si geleeëntlech engem Taifun ausgesat.
Zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung liewen op den Insele vum Majuro-Atoll an op Ebeye. Déi aner Insele si wéinst dem Mangel u Beschäftegungs- an Entwécklungsméiglechkeeten nëmmen dënn besidelt oder net bewunnt. Haaptstad ass d'Gemeng Majuro am Südosten um Atoll mat demselwechten Numm.
Bevëlkerung[änneren]
90 Prozent vu der Bevëlkerung gehéieren zur Onofhängeger Protestantescher Kierch vun de Marshallinselen, 8,5 Prozent si réimesch-kathoulesch. Op den Insele liewen 221 neiapostolesch Chrëschten.[1] Offiziell Sprooche sinn Englesch a Marshallesesch.
Referenzen[änneren]
- ↑ Unsere Familie - Kalender 2005, Seite 83
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Marshall Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |