Start (Rakéit)

Vu Wikipedia

Start ass den Numm vun enger russescher Drorakéit, déi op der Basis vun der Interkontinentalrakéit SS-25 („Topol“) entwéckelt gouf.

Et ënnerscheet een d'Type Start a Start-1. Start-1 huet véier Rakéitestufen, Start dogéint fënnef, woubäi déi zweet Stuf zweemol agebaut gëtt. D'Rakéit gebraucht festen Dreifstoff fir all Stufen. D'Notzlaascht an engem niddregem Äerdorbit (400 Kilometer) ass ongeféier 500 Kilogramm fir Start-1 a 570 Kilogramm fir Start. Béid Versioune vun der Rakéit hunn e maximalen Duerchmiesser vun 1,8 Meter. Start-1 ass 22,7 Meter héich an huet eng Startmass vu 47 Tonnen. Dat méi grousst Modell Start ass 28,8 Meter héich an huet eng Startmass vu 60 Tonnen.

D'Rakéite gi vu Plessezk a Swobodny aus engem mobile Startgefiert gestart. Den eenzege feelgeschloene Start vum Modell Start war 1995, Start-1 gouf am Joer 1993 fir d'éischt gestart.

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Dëst ass eng vollstänneg Startlëscht vun der Start-Rakéit. Stand: 25. Abrëll 2006

Laf. Nr. Datum (UTC) Typ Ser.-Nr. Startplaz Notzlaascht Aart vun Notzlaascht Notzlaascht a kg (brutto¹) Orbit² Bemierkung
1 25. Mäerz 1993 Start-1 1 Pl LC-158 EKA 1 ? ? ? Erfolleg
2 28. Mäerz 1995 Start 1 Pl LC-158 Unamsat a, Techsat 1, EKA 2 2 Amateurfunksatellitten ? ? Feelschlag
keng Trennung vun der 4. a 5. Stuf
3 4. Mäerz 1997 Start-1.2 1 Sv LC-5 Zeya Militäresche Funksatellit 87 kg ? Erfolleg
4 24. Dezember 1997 Start-1 2 Sv LC-5 Earlybird 1 Äerdobservatiounssatellit 317 kg SSO Erfolleg
5 6. Dezember 2000 Start-1 3 Sv LC-5 EROS-A 1 Äerdobservatiounssatellit 250 kg SSO Erfolleg
6 20. Februar 2001 Start-1 4 Sv LC-5 Odin Satellittenteleskop fir Astronomie an Aeronomie 250 kg SSO Erfolleg
7 25. Abrëll 2006 Start-1 5 Sv LC-5 EROS-B Äerdobservatiounssatellit 350 kg SSO Erfolleg

¹ Bruttogewiicht = (Satellitten + Adapter, Gehais asw.)

² NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht – mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat soll ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]