Äerdobservatiounssatellit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
En Äerdobservatiounssatellit : ERS 2

Äerdobservatiounssatellite si Satellitten, déi speziell fir d'Äerdobservatioun aus dem Orbit entworf goufen. Asazgebidder si virun allem d'Meteorologie mat Wiedersatelliten, Ëmweltsatellite fir d'Ëmweltobservatioun, Kartéierung, Geologie, asw. Technesch si Spionagesatelliten eng Ënnergrupp, allerdéngs gëtt de Begrëff Äerdobservatiounssatellite mat engem zivile Gebrauch verbonnen. Beim Opbau vun Tëleedetektiounssatelliten ënnerscheet een d'Plattform (Satellittebus) an d'Instrumenter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Loftbiller goufen 1863 vum Nadar gemaach. 1904 ass et dem Alfred Maul gelongen, eng éischt Loftopnam mat enger Fotorakéit ze maachen. (kuckt och: Geschicht vun der Loftbildfotografie a Geschicht vun der Tëleedetektioun)

Déi éischt (militäresch) Äerdobservatiounssatellite waren 1959 d'Keyhole-Satellitte vum Corona-Programm. Den 10. August 1960 war den éischten erfollegräiche Fluch vun engem Discoverer-Satellit (Corona-Programm). Den 1. Abrëll 1960 war mam TIROS-1 den éischten experimentelle Wiedersatellit gestart ginn. Mat Landsat-1 gouf 1972 d'digital Datenerfaassung mam MSS (Multispectral Scanner) agefouert. 1975 gouf um GEOS-3 den éischte Radar-Altimeter agesat. D'Seasat-Missioun 1978 hat e Stréistralungsmiesser an e Synthetic Aperture Radar ausprobéiert. Speziell ausgeluecht fir d'Observatioun vun der Fierwung vun den Ozeane war de Multispektrallinnescanner Coastal Zone Color Scanner op Nimbus-7, dem éischten Ëmweltiwwerwaachungssatellit. Nofolger vun dësem Instrument si SeaWiFS souwéi MODIS op Aqua. Och MERIS op Envisat hat déiselwecht Fuerschungsaufgaben.

Instrumenter (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

D'Äerdobservationssatellite schaffe mat passiven an och aktive Sensoren. Passiv Miessmethode gi sou genannt, well déi vun der Äerd resp. de Wolleken ofgestraalt Liicht- oder Wäermenergie gemooss gëtt. Zu de passive Sensore gehéieren haaptsächlech optesch Sensoren. Nieft dem visuelle Liicht huele si verschidde Spektralberäicher op (IR, UV). Dobäi gëtt déi sougenannt atmosphäresch Fënster benotzt. Dat si Wellelängteberäicher, an deenen d'Duerchléissegkeet vun der Atmosphär besonnesch grouss ass.

Eng weider wichteg Miessmethod ass déi aktiv Tëleedetektioun mat Radar (Lidar ë. a.). Si liwwert genee Wäerter iwwer d'Uewerflächestruktur vun der Äerd. D'Miessprezisioun läit dobäi am Beräich vun e puer Zentimeter a mécht et soumat méiglech klengst Äerdverrécklungen ze miessen. De Virdeel vun där Method läit doran datt se net vu Wolleken um Himmel gestéiert gëtt. Duerch déi aktiv Radardate kënnen 3-D-Modeller vun der Äerduewerfläch generéiert ginn.[1]

  • Lidar: Lidar In-space Technology Experiment (LITE) - Space Shuttle 1994: éischt Demonstratioun vun de Méiglechkeeten Aerosoler a Wolleken aus dem Weltraum z'observéieren, CALIPSO éischte Satellit mat Lidar
  • Spektrometer: multispektrale (bis zirka 15 Kanäl) an hyperspektrale Scanner (zirka 15 bis 200 Spektralbänner)
  • Scatterometer (Streestralungsmiesser): Fuerschung vu Loftbeweegungen (Wandstäerkt a -richtung iwwer Mierflächen)
  • Radar mat synthetischer Apertur (SAR)
  • Laser Altimeter
  • Mikrowellenaltimeter (Héichtemiesser): Tëleedetektioun vun der Mieresuewerfläch

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jörg Albertz: Grundlagen der Interpretation von Luft- und Satellitenbildern. Eng Aféierung an d'Tëleedetektioun. Darmstadt 2007.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Institutionen:

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]