Chromosphär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D´Chromosphär vun eiser Sonn (Sonnendäischtert 1999) Foto:Luc Viatour
D´Chromosphär (griich: Faarfschicht) ass eng relativ dënn Masseschicht vun der Sonn, déi gréisstendeels aus Waasserstoff an Helium besteet.
Si erstreckt sech bis zu enger Héicht vu ronn 10.000 Kilometer iwwert der Photosphär a geet dann an d´Korona iwwer.
Ouni optesch Hëllefsmëttel, wéi speziell Filter (H-alpha-Filter), ass d´Chromosphär nëmmen bei enger totaler Sonnendäischtert ze observéieren. Si gesäit dann roudelzech aus, an ass no uewen gezackt.
D´Gasdicht hëlt an der Chromosphär vun 10-11 op 10-15 g/cm³ mat der Héicht of. Gläichzäiteg klëmmt d´Temperatur vun ongeféier 6.000 K bis op 10.000 K. Bannen wéinege honnert Kilometer geet d´Chromosphär dann an d´Korona mat eng bis zwou Millioune Kelvin iwwer.