H-alpha
Als H-alpha oder Hα gëtt an der Astronomie an an der Physik déi hellste Spektrallinn vum ioniséierte Waasserstoff (chemescht Symbol: H) am visuelle Liicht bezeechent. Si läit am roude Liicht bei enger Wellelängt vu 656,28 Nanometer an ass vu besonnescher Bedeitung fir d'Sonnenobservatioun. Speziell Interferenzfilteren wéi de Fabry-Pérot-Interferometer, loossen d'Sonneliicht nëmmen an deem Beräich passéieren, wouduerch déi genee Struktur vun der ieweschter Sonneschicht (Chromosphär) mat de Sonnefakelen a Filamenter siichtbar gëtt.
Well Waasserstoff dat bei wäitem heefegst chemescht Element am Weltraum ass, sinn Observatiounen mat H-alpha-Filteren net nëmme fir Stären, mä och fir Gasniwwel an aner Himmelsobjeten opschlossräich.
D'Hα-Linn ass déi hellst vun enger ganzer Serie vu Linnen, déi no hirem Entdecker dem Jakob Balmer, Balmer-Serie genannt gouf. Déi aner Linne ginn Hβ, Hγ asw. genannt, woubäi Hβ am gréngbloe Liicht läit, Hγ am blovioletten an Hδ um violette Bord vum visuelle Spektrum. Weider Linnen (Hε, Hζ, …) fale schonns an den UV-Beräich a goufen eréischt méi spéit entdeckt. D'Wellelängte vun där Stralung ginn emittéiert, wann en Elektron vun engem méi héijen zum zweetdéifsten[1] Energieniveau vu senger Bunn ëm den Atomkär „erofspréngt“. Ëmgekéiert gi si absorbéiert, d. h. et ginn donkel Linnen, wann en Elektron aus afalendem Liicht déi Energie hëlt, déi et zum Iwwergang op ee méi héijen Energieniveau brauch.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Elektroneniwwergäng vum/zum déifsten Energieniveau vum Waasserstoffatom gi Lyman-Serie genannt a leien am ganz kuerzwellegen UV (121 → 91 nm). D'Iwwergäng vum/zum drëtten Elektronenniveau (Paschen-Serie) läit dogéint am noen Infrarout.