Petz Lahure

Vu Wikipedia
Petz Lahure
Gebuer 7. Oktober 1945
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist
Famill
Papp Marcel Lahure

Den Antoine "Petz" Lahure, gebuer de 7. Oktober 1945 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Journalist an Auteur.

Hien huet de 15. Mäerz 1965 am Tageblatt ugefaange mat schaffen, wou en ë. a. 20 Joer laang Chef vun der Sportsredaktioun war. Duerno, 1988 ass e vum Dages- an de Wochejournalismus bei d'Revue gewiesselt, wou en, ë. a. och als Responsabele vum Sport, bis 2002 bliwwen ass. Zanter dem Summer 2002 schafft en nees fir d'Tageblatt, wou e sech virun allem ëm déi grouss Courssen am Vëlossport a besonnesch ëm den Tour de France këmmert. De 15. Mäerz 2015, bei der Arrivée vun der Course Paris-Nice, huet hien op der "Promenade des Anglais", säi fofzegjärege Jubiläum als Journalist gefeiert. Nieft den internationale Vëloscoursse schreift de Petz Lahure och weiderhi reegelméisseg eng sougenannt "Kolumne" am Tageblatt.

Bei den Olympesche Spiller zu London 2012 gouf de Petz Lahure fir seng 10. Spiller, bei deenen hien als Journalist present war, ausgezeechent. Ronn ee Joer méi spéit, am Juli 2013, krut de Petz Lahure zu Vaison-la Romaine vum Direkter vum Tour de France Christian Prudhomme an den zwéi fréiere Vainqueure Bernard Hinault (1978, 1979, 1981, 1982 und 1985) a Bernard Thévenet (1975, 1977) de Sëlwerplateau iwwerreecht, deen all Suiveur vum Tour de France belount, deen op d'mannst 35-mol bei der "Grande Boucle" accreditéiert war. 2016, bei den Olympesche Spiller zu Rio de Janeiro, war de Petz Lahure nees ënnert de Geéierte vun der internationaler Sportspress. An der Association Internationale de la Presse Sportive ass hie Member vun der Finanz- a vun der Eethik-Kommissioun. Am Joer 2021 ass hie bei den "AIPS Sport Media Awards" fir déi weltwäit sechsbeschte Kolumne ausgezeechent ginn.

Zanter dem 8. Januar 1998 ass de Petz Lahure President vun der Lëtzebuerger Vereenegung vun de Sportsjournalisten (fréier ALJS, duerno ALPS), déi 2007 hiren Numm op sportspress.lu geännert huet. Déi Associatioun, déi 2019 hiren 90. Gebuertsdag gefeiert huet, organiséiert all Joer de Gala vun der Sportpress, bei deem d'Trophéeën un de beschte Sportler, déi bescht Sportlerin an déi bescht Ekipp vum Joer iwwerreecht ginn.

Dëse Gala gouf am Fréijoer 2016 a "sportspress.lu Awards Night" ëmgedeeft an no 32 Editiounen am Casino 2000 zu Munneref den 1. Dezember 2016 a Presenz vum Grand-Duc Henri an der Coque um Kierchbierg ofgehalen. Ee Joer méi spéit, de 7. Dezember 2017, ass dës "sportspress.lu Awards Night", fir d'éischt Kéier och live vun RTL Télé Lëtzebuerg iwwerdroe ginn.

Am Joer 2018 ass de Gala nees zeréck op Munneref an de Casino 2000 gewiesselt, wou d'Éierung vun de beschte Sportler donneschdes, de 6. Dezember, am "Chapito" iwwer d'Bün goung. Dobäi goufe fir d'éischt och zwou nei Trophéeën, de "Prix d'entraîneur de l'année" an de "Prix Ultra-sport" iwwerreecht.

Wéinst der Corona-Kris ass s'am Joer 2000 ausgefall an 2021 iwwer eng Televisiounsémissioun organiséiert ginn. Déi nächst Éierunge vun de beschte Sportler vu Lëtzebuerg ass "live" fir donneschdes, den 1. Dezember 2022 geplangt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuergesch Sportler vum Joer.

Dem Petz Lahure säi Papp war de Foussballspiller Marcel Lahure.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Von Athen bis Sydney. Luxemburg und die Olympischen Spiele, Petz Lahure Éditions, 2000, ISBN 2-9599800-5-0
  • 100 Jahre Tour de France. Luxemburg und die Grande Boucle, Petz Lahure Éditions, 2002, ISBN 2-9599800-1-8
  • 100 Joer FLF. D'Gëlle Buch vun der Fussballféderatioun, (zesumme mam Henri Bressler), 2008, ISBN 978-2-919999-47-7
  • Goldene Zeiten. Luxemburg und die Tour de France, Petz Lahure Éditions, 2010, ISBN 978-2-9599800-2-2
  • 100 Joer Fussballnationaléquipe, 2011, ISBN 978-2-9599800-4-6
  • d'SPORTSBUCH. Joerbuch vum Lëtzebuerger Sport. Verantwortlech fir all Ausgabe vun 1998 bis 2016. d'SPORTSBUCH'16 war dat 22. a lescht, dat bis elo erauskoum. Et ass 208 Säiten déck an den 28. November 2016 virgestallt ginn. ISBN 978-99959-784-7-1
  • "Trophy". Magazin, dat zanter 2011 all Joer am Ufanks Dezember bei Geleeenheet vun der "sportspress.lu Awards Night" erauskënnt. ISBN 978-99959-784-9-5.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2020)
  • Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2000)[1]
  • Chevalier vum Ordre de la Couronne de Chêne
  • Médaille vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (1993)
  • Plaquette de Ministre (2014)
  • Ordre National de la Médaille du Mérite Sportif en Vermeil (35. Promotioun 2015)[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säit e 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn
  2. Pierre Gricius et Petz Lahure décorés - 35e promotion dans l'Ordre National de la Médaille du Mérite Sportif. op sportspress.lu