Michel Pilz

Vu Wikipedia
Michel Pilz
Gebuer 28. Oktober 1945
Bad Neustadt an der Saale
Gestuerwen 2. November 2023
Schëndels
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg
Aktivitéit Klarinettist

De Michel Pilz, gebuer den 28. Oktober 1945 zu Bad Neustadt an der Saale[1] a Bayern, a gestuerwen den 2. November 2023[2], war e lëtzebuergeschen Jazzmuseker.

De Michel Pilz huet klassesch Klarinett am Stater Conservatoire studéiert, huet decidéiert fir Jazz ze spillen a gouf 1968 Member am däitsche Manfred Schoofs Quintett. An de Joren duerno ass hie mat deem Quintett, awer och mat den German All Stars an dem Globe Unity Orchestra op Tournéeën duerch Europa, Asien a Südamerika gereest. Ausserdeem huet hien am Trio mam Peter Kowald a Paul Lovens gespillt an e war vun 1975 bis 1977 – zesumme mam Perry Robinson, Theo Jörgensmann, Bernd Konrad an Hans Kumpf – Member an der däitscher Jazzgrupp Clarinet Contrast.

1977 huet hie mam Kontrabassist Buschi Niebergall an dem Trompettist Itaru Oki eng eege Grupp gegrënnt a war gläichzäiteg Member am neie Manfred Schof Quintett.

A senge leschte Joren huet hien am Trio mam Drummer Klaus Kugel an dem Bassist Christian Ramond gespillt an am Quartett zesumme mam Improvisatiounsmuseker Peter A. Schmidt. Mam Kugel, Ramond, Pure Wanterschutz a Frank Paul Schubert huet hien de Yamabiko Quintet gebilt, deen 2022 en Album erausbruecht huet.

Nieft dem Pianist Marc Weber zielt de Michel Pilz zu deenen, déi den Jazz zu Lëtzebuerg bekannt gemaach hunn. Hie war Matgrënner vum Jazzclub Lëtzebuerg déi 1968 ee vun den éischte Jazzconcerten am Napoleonshaus vun der Hasteschmillen am Gronn organiséiert hunn.

Méi spéit war hien och an der Initiativ JAM - Jazz um Minett, a Projete vum Benoît Martiny an an der Hip-Hop-Grupp De Läb aktiv.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Daniel Conrad, Wegbereiter für den Jazz „made in Luxembourg“, Luxemburger Wort, 07.11.2023, S. 40-41

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Wolfram Knauer, "Michel Pilz". The New Grove Dictionary of Jazz, 2. Aufl.
  2. Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 6. November 2023, S. 29