Hip-Hop

Vu Wikipedia
1520 Sedwick Avenue an der Bronx, New York, wou den DJ Kool Herc seng éischt Partye gemach huet, gëllt als Gebuertsplaz vum Hip-Hop

Hip-Hop [ɦip ̟ɦɑp] ass e Musekgenre bei deem de Schwéierpunkt op engem rhytmesche Beat a Rap läit, amplaz vun harmonesche Melodien a Gesank. En ass an den 1970er Joren zu New York entstanen, wou e bei Afro-Amerikaner beléift war. D'Beater vu populäre Musekgenrë wéi Funk oder Soul goufen dofir isoléiert, eng Technik, déi an der kontemporärer jamaikanescher Musek geleefeg war. Immigrante vu Jamaika an anere Karibikstaaten, dorënner den DJ Kool Herc, den Afrika Bambaataa, de Grandmaster Flash an de Grand Wizzard Theodore déi als Pappe vum Hip-Hop gëllen, hate se zu New York agefouert. De Genre huet sech séier op der Ostküst vun den USA, duerno am ganze Land a spéider an den 1980er an 1990er an der ganzer Welt verbreet.

Hip-Hop zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et och eng kleng Hip-Hop-Zeen, déi sech haaptsächlech duerch déi grouss Diversitéit vu Sproochen auszeechent. Nieft Produzenten déi intrumentalen Hip-Hop maachen (zum Beispill Cehashi oder StA) gëtt et Rapper a Gruppen, déi Hip-Hop mat lëtzebuergeschen (De Läb, Tommek, Bandana, T the Boss, Freshdax), franséischen (A.L.S., Bossmen), däitschen (Toby, Exemo), engleschen (Maz, D.Harmon), italieeneschen (Cico, Uranami) oder portugiseschen Texter maachen.

Franséischen Hip-Hop[änneren | Quelltext änneren]

Franséischsproochegen Hip-Hop (op Franséisch: rap français) ass géint Enn der 1980er an Ufank der 1990er Joren a francophone Länner ëmmer méi beléift ginn, mat engersäits Gruppe wéi de belschen Duo Benny B & DJ Daddy K mat liichten Texter a Pop-orientéierte Beater, an anerersäits kommerziell geneesou erfollegräichen a vun de Kriticken héichgelueft Kënschtler wéi IAM, MC Solaar, Oxmo Puccino oder déi provokativ NTM. Obwuel Frankräich an der Tëschenzäit no den USA zum zweetgréissten Hip-Hop-Maart op der Welt gewuess ass, limitéiert säi Succès sech net nëmmen op ee Land.[1]

Global gesinn huet de franséischen Hip-Hop e puer Charakteristiken déi e vum "generellen" Hip-Hop ënnerscheeden. Vill Kënschtler si vun afrikanescher oder nordafrikanescher/arabescher Ofstamung, wat sech souwuel an den Texter wéi och musikalesch ausdréckt. Musikalesch Aflëss vu Chanson bis Raï sinn net seelen an Islam ass en Theema dat ëmmer erëmzefannen ass, grad sou wéi Problemer am Zesummenhang mat Immigratioun, Integratioun a Rassismus. Am Allgemenge spillen déi politesch a sozial Aspekter eng vill méi grouss Roll an den Texter wéi zum Beispill am amerikaneschen oder däitschen Hip-Hop.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hip-Hop – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. nationalgeographic.com: Hip-Hop Planet vum James McBride