Cico

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Rapper. Fir de Figur vum Comiczeechner Sergio Bonelli, kuckt wgl. Cico (Comic).

Den Cico, eigentlech Edoardo Inzolia, gebuer 1979 zu Lëtzebuerg,[1][2] ass e Museker an italieeneschsproochege Rapper vu Lëtzebuerg. Hien ass Member an de Gruppen Allela Boyz, Fruta Boys an Uranami.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Cico ass zu Anzio bei Roum, um Belair, zu Stroossbuerg an zu Arel opgewuess.[1][2] Hien huet a senger Kandheet Piano spille geléiert a spéider och nach Jazzgittar. Säin éischte Concert hat hien am Alter vu 14 Joer zu Arel. Mat 17 huet hie mat der Afarensis-Band en éischten Album opgeholl. Duerno ass hien erëm zwee Joer an Italien zeréckgaange wou hien ugefaangen huet Hip-Hop ze maachen an ze rappen.[1]

1998 huet den Cico mat e puer Kolleegen den onofhängege Plackelabel 6-Mic Produxion gegrënnt.[1]

Säin éischten Album Esplanade ass 2002 erauskomm. Flogisticamente mistico, den éischten Album vun Uranami, ass 2005 erauskomm.[3]

2008 huet hie Placke mat den Allela Boyz a mat de Fruta Boys verëffentlecht. E Joer drop ass säi Soloalbum Libero come Erminio um Label Winged Skull verëffentlecht ginn,[1] op deem hien ënner anerem mam Thorunn, dem Eric Rosenfeld (Sänger vu Versus You), dem Raquel Barreira, dem Raftside, dem Corbi an dem Jeff Herr zesummeschafft.[4] Hie war dunn och am Film Reste bien, mec! ze gesinn, fir deen hien och d'Musek matkomponéiert huet.

2014 war hien am Corbi sengem Lidd De gudden Drot ze héieren.

Soloalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: Esplanade
  • 2009: Libero come Erminio
  • 2012: M'avete rotto

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Cico / Libero come Erminio op rebeat.com (gekuckt de 6. September 2016)
  2. 2,0 2,1 italiani.lu: Libero Come Erminio (18. August 2009)
  3. Uranami op sonicbids.com (gekuckt de 6. September 2016)
  4. Lëtzebuerger Land (online): CD Libero Come Erminio de Cico - Libre comme l'air (27. Mee 2010)