Thorunn Egilsdottir
D'Thorunn Egilsdottir, gebuer den 3. Mäerz 1975 zu Lëtzebuerg, ass eng islännesch-lëtzebuergesch Kënschtlerin. Se huet als Model (Lampertz, Optique Himmes, Toyota, Fortuna Bank), Tëleeprésentatrice (Nur die Liebe zählt, RTL Boulevard, 20vir), Schauspillerin (ë.a. Autobahnraser), Radioprésentatrice (City-Brain DNR), Lifestyle-Expertin (ë.a. Télécran) a Sängerin (Complicated, Bandits, Moment in Between) geschafft.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Hiert Liewen
Zu Lëtzebuerg gebuer, ass d'Thorunn 1989 mat hiren Elteren zréck an Island gaangen, wou si hire Lycée fäerdeggemaach huet an niewebäi och eng kleng lokal Gesankscarrière ugefaangen huet. 1996 ass se op Aix-en-Provence geplënnert, fir do ze studéieren, an duerno als Manager a Privatbanken ze schaffen. Dat huet hir schlussendlech awer net wierklech zougesot, an esou huet se bei engem RTL-Casting matgemaach, bei deem se fir déi lëtzebuergesch Televisoun entdeckt gouf. No 7 Joer bei RTL ass se bei de Groupe Saint-Paul gewiesselt, wou se haptsächlech fir den DNR and den Télécran schafft. 2008 ass d'Thorunn hallefzäiteg op Berlin geplënnert, wou se zesumme mat hirem Liewenspartner u musekaleschen a publizistesche Projete schafft.
[änneren] Filmographie
- House of Boys, 2009, Regie: Jean-Claude Schlim
- Autobahnraser, 2004, Regie: Michael Keusch
- La Revanche, 2004, Regie: Andy Bausch
- Ten P.I, 2004, Caroussel Productions
- Tempesta, 2004, Regie: Tim Disney
[änneren] Diskographie
- The Jar, Album, 2010.
- Ghost, CD-Single, 2009, Top-Ten Lëtzebuerg
- Lovestory, CD-Single, 2008, Top-Ten Lëtzebuerg
- Superfishreality, Album, 2008, Eegeproduktioun
- One Day, CD-Single, Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, 2008
- Planet of Happiness, CD-single, 2007
- The Moment in Between, Album 2006, Roxcom,
- The Moment in Between, CD-Single, 2006, Nr.1-Hit Lëtzebuerg
- Bandits, CD-single, 2006, Nr.1-Hit Lëtzebuerg
- Complicated, CD-single 2003, Nr.1-Hit Lëtzebuerg