Frankophonie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Francophonie)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Fändel vun der Frankophonie.
D'Frankophonie uechter d'Welt.

D'Frankophonie bezeechent engersäits deen Ensembel vu Leit, déi Franséisch entweder als Mammesprooch, als Alldagssprooch, als Verwaltungssprooch, als Sprooch am Enseignement oder als gewielte Sprooch schwätzen. Anerersäits, op politeschem Plang, versteet een ënner Frankophonie déi Gemeinschaft vu franséischsproochege Länner oder munnechmol deen Ensembel vu Länner oder Regiounen déi der Organisation internationale de la Francophonie ugehéieren.

D'Frankophonie bedeit de Fait datt ee Franséisch schwätzt. An dëser Bedeitung ass d'Frankophonie e Bestanddeel vun der Aussepolitik vu Frankräich a munnech aner Länner aus dem frankophone Sproochraum.

Den 20. Mäerz ass all Joer d'Journée internationale de la Francophonie.

D'Frankophonie zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Véronique Fauconnet, de Frank Wilhelm an de Claude Frisoni bei engem Literaturowend um internationalen Dag vun der Frankophonie an der Abtei Neimënster.

E wichtege Vertrieder vun der Frankophonie zu Lëtzebuerg ass den Universitéitsprofesser Frank Wilhelm, dee lëtzebuergesche Korrespondent ass vun der Revue d'histoire littéraire de la France, der Francophonie vivante, L'Année francophone internationale, an de Cahiers francophones d'Europe centre-orientale. Donieft ass de Frank Wilhelm zanter 1996 Vizepresident vum Veräin Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden a.s.b.l..

Zum internationalen Dag vun der Frankophonie organiséiert de Frank Wilhelm all Joer op den 20. Mäerz e Literaturowend ënner dem Titel "Littératures francophones - Diversité et convergences", deen zanter senger Ëffnung am Joer 2004 am Kultur- a Begéinungszenter vun der Abtei Neimënster stattfënnt. D'Texter gi vu professionelle Schauspiller gelies.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]