Marja-Leena Junker

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Marja-Leena Junker, gebuer de 14. August 1945 zu Padasjoki, ass eng finnesch Schauspillerin a Regisseurin.

Si lieft zënter dem Enn vun den 1960er Joren zu Lëtzebuerg an ass zënter 1992 artistesch Direktesch vum Théâtre du Centaure. Si gëtt och Schauspillcoursen um Stater Conservatoire. Ausserdeem spillt si selwer an Theater- a Filmrollen. Si war déi éischt Sekretärin vun der lëtzebuergescher Sektioun vun Amnesty International.

2007 gouf si mam Prix Anne Beffort ausgezeechent.