André Jung
Den André Jung, gebuer den 13. Dezember 1953, ass e Lëtzebuerger Schauspiller, deen déi meeschten Zäit vu senger Carrière - iwwer honnert Rollen - an der Schwäiz an an Däitschland verbruecht huet.
Tëscht 1973 an 1976 huet den André Jung d'Staatliche Hochschule für Musik und Darstellende Kunst zu Stuttgart besicht. Vun 1976 u war hien ë.a. zu Heidelberg, Basel, Zürich, Bréissel, Stroossbuerg a Frankfurt-am-Main engagéiert.
Seng éischt Engagementer hat hie bei den Theatern zu Heidelberg a Basel, 1985/86 koum en an d' Schauspielhaus vun Zürich. Vun 1988 bis 1993 war er am Ensembel vum Theater Basel wou e virun allem mat de Regisseure Werner Düggelin, Herbert Wernicke, Hans Hollmann, David Mouchtar-Samorai, Jossi Wieler a Christoph Marthaler gespillt huet.
1993 ass den André Jung bei d' Deutsche Schauspielhaus Hamburg gewiesselt, wou en ë.a. ënnert dem Christoph Marthaler a Kasimir und Karoline, Die Spezialisten an Die Stunde Null oder Die Kunst des Servierens, gespillt huet, an ënnert der Regie vum Jossi Wieler am Peter Handke sengem Kaspar, dem Shakespeare sengem Wintermärchen an dem Tankred Dorst sengem Merlin.
1997 huet hien tëschenduerch zu Bréissel an der Opéra de la Monnaie d'Tenorroll an Orphée aux Enfers ( vum Jacques Offenbach) gesongen. 1998 huet hien an der Uropféierung vun der Elfriede Jelinek hirem er nicht als er (Regie: Jossi Wieler) zu Salzburg matgespillt, an och am Horváth sengem Zur schönen Aussicht (Regie: Christoph Marthaler) an dem Ariadne auf Naxos (Regie: Jossi Wieler).
Vun 2000 bis 2004 war den André Jung nees beim Schauspielhaus vun Zürich engagéiert, wou en ë.a. an Drei Schwestern (Regie: Stefan Pucher), Winter (Regie: Jossi Wieler), Anatomie Titus Fall of Rome Ein Shakespearekommentar vum Heiner Müller, an dem Johan Simon senger Inszenéierung vun Die zehn Gebote (no de Filmer Dekalog 1 - 10 vum Krzysztof Kieslowski a Krzysztof Piesiewicz) gespillt huet. Niewelaangscht ass en och mat de Münchner Kammerspiele opgetrueden, ë.a. am Patrick Barlow sengem Der Messias (Regie: Nikola Weisse) an der Elfriede Jelinek hirer Uropféierung vun "In den Alpen" (Regie: Christoph Marthaler).
Zënter der Saison 2005/06 ass hie beim Ensembel vun de Münchner Kammerspiele engagéiert. wou en an Die Bakchen vum Euripides (Regie: Jossi Wieler) an dem Johan Simons senger Inszenéierung vun "Elementarteilchen" ze gesi war. Hien huet och a Robinson Cruso, die Frau und der Neger nom John M. Coetzee sengem Roman Foe gespillt (Regie: Johan Simons).
Zu Lëtzebuerg schafft hien ëmmer nees an Inszenéierunge vum Frank Hoffmann mat, z.B. an Der Theatermacher (nom Thomas Bernhard, 2003) oder Der Widerspenstigen Zähmung (eng Koproduktioun mat de Ruhrfestspiele vu Recklinghausen, 2006).
Den André Jung spillt och a ville Kino- an Tëleesfilmer mat, dorënner och de Lëtzebuerger (Ko-)Produktiounen Die Reise das Land, Schacko Klak, Three Shake-a-leg Steps to Heaven, Le Club des Chômeurs, La Revanche, Perl oder Pica, Deepfrozen oder Réfractaire.
[änneren] Gielecher
1981 an 2002 gouf e vun der däitscher Fachzäitschrëft Theater heute zum Schauspieler des Jahres gewielt. 2000 krut den André Jung de Schauspielpreis der Stadt Hamburg.
[änneren] Filmer
[änneren] Kino
- Vermischte Nachrichten (1986), vum Alexander Kluge mam Norbert Blüm a Marita Breuer
- Die Reise das Land (1987) , vum Frank Hoffmann a Paul Kieffer mam Mathias Kniesbeck a Josiane Peiffer
- Schacko Klak (1991) , vum Frank Hoffmann a Paul Kieffer mam Claude Wagner, Paul Greisch a Myriam Muller
- Geteilte Nacht (1992) , vum Pius Morger mam Meret Becker
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven (1993) , vum Andy Bausch mam Désirée Nosbusch an Udo Kier
- Back in Trouble (1997) , vum Andy Bausch mam Thierry van Werveke, Nicole Max an Ender Frings
- Große Gefühle (1999), vum Christof Schertenleib mam Manuela Biederman
- Le Club des Chômeurs (2001) , vum Andy Bausch mam Thierry van Werveke, Camillo Felgen a Myriam Muller
- Das Experiment (2001) , vum Oliver Hirschbiegel mam Moritz Bleibtreu a Christian Berkel
- Joy Ride (2001) , mam Claudia Knabenhans
- Os imortais (2003) , vum António-Pedro Vasconcelos mam Joaquim de Almeida an Emmanuelle Seigner
- Im Nordwind (2004) , vum Bettina Oberli mam Judith Hofmann
- La Revanche (2004) , vum Andy Bausch mam Thierry van Werveke a Sascha Ley
- Perl oder Pica (Film) (2006) , vum Pol Cruchten mam Ben Hoscheit a Nicole Max
- Deepfrozen (2006) , vum Andy Bausch mam Thierry van Werveke a Peter Lohmeyer
- Lumen (2007), (Kuerzfilm) vum Philip Koch mam Julia Thurnau a Luc Feit
- Luftbusiness (2008) , vum Dominique de Rivaz mam Dominique Jann an Thierry van Werveke
- Freigesprochen (2007), vum Peter Payer mam Corinna Harfouch an Thierry van Werveke
- Vorne ist verdammt weit weg (2007), vum Thomas Heinemann mam Frank-Markus Barwasser an Peter Lohmeyer
- Die Besucherin (2008), vum Lola Randl mam Sylvana Krappatsch
- Réfractaire (2009), vum Nicolas Steil mam Marianne Basler an Thierry van Werveke
- Giulias Verschwinden (2009), vum Christoph Schaub mam Corinna Harfouch a Bruno Ganz
- Der Fürsorger (2009), vum Lutz Konermann mam Roeland Wiesnekker a Katharina Wackernagel
- Tunnelblicke (2009), (Kuerzfilm) vum Julius Grimm mam Sandra Ahrabian
- Die große Plai Chumpon Totenpart (2010) (Kuerzfilm), vum Valerie Bäuerlein
- Trouble no more (2010), vum Andy Bausch mam Marco Lorenzini an Ender Frings
- Der letzte schöne Herbsttag (2010), vum Ralf Westhoff mam Julia Koschitz
- Der Solist (2011) (Kuerzfilm) vum Pierre Hansen
- Doudege Wénkel (2012), vum Christophe Wagner mam Jules Werner
[änneren] Televisioun
- Bella Block (Episod: Bitterer Verdacht) (2001)
- Ariadne auf Naxos (2001)
- Polizeiruf 110 (Episod: Kleine Dealer, große Träume) (1996)
- Die Stunde Null oder Die Kunst des Servierens (1996)
- Ausgerechnet Zoé (1994)
- Déi zwéi vum Bierg (1985) (TV-Serie)