Désirée Nosbusch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Désirée Nosbusch

D'Désirée Nosbusch, gebuer de 14. Januar 1965 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin, Televisiouns-Présentatrice, Filmregisseurin a -Produzentin.

Inhaltsverzeechnes

Hir Carrière [änneren]

Désirée Nosbusch huet hir Carrière mat nëmmen 12 Joer beim däitschsproochege Radiosprogramm vun RTL ugefaang. Do huet se Kannersendunge komoderéiert, mä geschwë krut se eng eege Sendung (Hits von der Schulbank). Op der däitscher Televisioun huet se zesumme mam Anke Engelke eng Kannersendung an der ARD moderéiert, an am ZDF krut se geschwënn hir eegen Emissioun (Musicbox, Hits mit Désirée).

Mat 16 Joer huet d'Désirée Nosbusch hiren éischte Film (Nach Mitternacht), a gläich drop en zweeten (Der Fan) gedréit, dee fir Opreegung suergt, well de weiblechen Haaptpersonnage e Popstar, deen en unhimmelt, wuertwiertlech zum Friesse gär huet. Gläichzäiteg huet se fir Zodi an der deemools nach biderer däitscher Televisiounslandschaft gesuergt, well se sech an enger Sendung mam Bayresche Ministerpresident Franz-Josef Strauss an d'Hoer kritt hat, an dofir mat Protestbréiwer zougeschott gouf.

Kuerz drop goung d'Désirée Nosbusch op New York an eng Schauspillschoul. 1984 koum si hannescht op Lëtzebuerg, fir do 1984 den 29. Grand Prix Eurovision de la Chanson ze moderéieren.

An de Joren dono pendelt se tëschent Europa an Amerika hin an hir. Se spillt regelméisseg a Filmer (Kino an Televisioun) mat (dorënner e puer vum Andy Bausch) a moderéiert, virun allem op der däitscher Tëlee, Galaen a Variétésendungen. Fir d'éischt op der Theaterbühn war se 2006 bei de Ruhrfestspiller zu Recklinghausen, wou se d'Katherina am William Shakespeare sengem Kaméidistéck Der Widerspenstigen Zähmung ënner der Intendanz vum Frank Hoffmann gespillt huet.

2001, no enger Ausbildung vun e puer Joer als Regisseurin, huet si hiren éischte Kuerzfilm (Icecream Sundae), mam Tippi Hedren an der Haaptroll, gedréint.

2011 huet se zesumme mam Alexandra Hoesdorff-Rosen (deal Productions S.A.) d'Produktioun vun der Sitcom Weemseesdet a 24 Deeler fir RTL Tele Lëtzebuerg iwwerholl. Si huet selwer och eng Nieweroll, d'Francine Konsbrück, an där Serie gespillt.

D'Désirée Nosbusch war mam éisträichesche Filmkomponist Harald Kloser bestuet, mat deem se zwee Kanner huet. Zënter 2005 ass si mam däitsch-tierkesche Schauspiller Mehmet Kurtuluş zesummen.

Si lieft haaptsächlech tëschent Berlin a Los Angeles.

Filmer [änneren]

als Schauspillerin [änneren]

als Regisseurin [änneren]

Televisioun [änneren]

Tëleefilmer a Serien (Auswiel) [änneren]

Moderatioun (Auswiel) [änneren]

Soss [änneren]

Am Ufank vun hirer Filmcarrière ass d'Désirée Nosbusch ë. a. als Désirée Becker, Désirée Becker-Nosbusch oder Nosbusch-Becker opgetrueden.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]