Franz Beckenbauer

Vu Wikipedia
Franz Beckenbauer
Pseudonym Der Kaiser
Gebuer 11. September 1945
München
Gestuerwen 7. Januar 2024
Salzburg
Nationalitéit Westdäitschland, Däitschland
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer, Trainer
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Gréisst 181 Zentimeter
Gewiicht 79 kg
Veräin/Ekipp FC Bayern München,
Hamburger SV,
Däitsch Foussballnationalekipp
Famill
Kanner Stephan Beckenbauer

De Franz Anton Beckenbauer, gebuer den 11. September 1945 zu München, a gestuerwen de 7. Januar 2024 zu Salzburg, war en däitsche Foussballspiller, -trainer a -fonctionnaire. Hie gëtt zu de beschte Foussballspiller vun allen Zäite gezielt.

Als Spiller bei Bayern München huet hien dräimol den Europacup gewonnen. 1974 war hie Kapitän vun der westdäitscher Foussballnationalekipp, mat där en d'Finall vun der Foussball-Weltmeeschterschaft gewonnen huet. 1990 huet e mat där Ekipp, dës Kéier als Trainer, eng weider Kéier d'Weltmeeschterschaft gewonnen.

1972 an 1976 war hie Gewënner vum Ballon d'or. De Beckenbauer war ee vun de Vizepresidente vum Däitsche Foussballbond a President, an dono Éierepresident, vum FC Bayern München. Ausserdeem war hie President vum Organisatiounscomité vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland.

Säi Spëtznumm war der Kaiser.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franz Beckenbauer – Biller, Videoen oder Audiodateien