FC Bayern München
Den FC Bayern München ass en däitsche Foussballclub deen zënter 1965 an der Éischter Däitscher Foussballbundesliga spillt.
Bayern München ass deen erfollegsräichste Club aus Däitschland an ass dee Foussballclub deen déi zweethéchst Memberszuel op der Welt huet ( >110 000 Memberen). Zënter senger Grënnung am Joer 1900 hunn d'Stare vu Bayern München 20 däitsch Meeschtertitele gesammelt a 4 mol déi hautdesdaags Champions League genannte Coupe gewonnen. Sou wonnert et och net, datt d'Bayern, wéi se am Volleksmond och nach genannt ginn, ee vun deenen erfollegsräichsten an ugesinnste Clibb a ganz Europa duerstellt.
E gewësse Franz John huet de Club de 27. Februar 1900 mat 10 Foussballkollege gegrënnt, nodeem se Sträit mat hirem Stammveräin MTV 1879 München krut haten. Vill Joer méi spéit war et dann en anere Franz, de Franz Beckenbauer, deen als ee vun de beschte Foussballspiller vun der Welt den FC Bayern München zu weideren Erfolleger gefouert huet.
Haut ass de Franz Beckenbauer President vum FC Bayern München. Am Virstand vum Veräin sinn den Uli Hoeneß (Manager), Karl Hopfner (Finanzen) an de Karl-Heinz Rummenigge (Virstandsvirsëtzenden) vertrueden an den Trainer vum Weltclub ass de Otmar Hitzfeld, deen de Club zënter senger Verflichtung am Joer 2000 (1. Juli) op der Erfollegsspuer hält, notamment mam Doublé (Meeschterschaft a Coupe) gläich a senger éischter Saison als Trainer bei de Bayern.
De leschten Erfolleg vun de Bayern am europäesche Foussball ass de Gewënn vun der Champions League am Joer 2001 wou se sech an der Finale géint den FC Valencia aus Spuenien am Elefmeter duerchgesat hunn. Domat hu si dann och dat Ongléck aus dem Joer 1999 rëm wettgemaach wéi se d'Champions League géint Manchester zu Barcelona an der Nospillzäit vun der Parti - si haten 1:0 geféiert - nach verluer hunn.
Ënnert dem neien Trainer Jürgen Klinsmann schécke se sech un, nees un dës Erfolleger unzeknäppen. Dëi lescht Saison hu se schonn divers Rekorder obgestallt an dierften eng gutt Roll beim Vergi vun der dësjäreger Coupe vun der Champions League spillen.
Kapitän vun de Bayern ass de Philipp Lahm.
Den FC Bayern München huet nieft der Profisequipe och nach Jugendequippen, an eng Fraenequipe déi ufänkt grad esou erfollegräich ze gi wéi d'Männer.
Nieft de Foussballsequippe ginn et beim FC Bayern München nach Basketball-, Schach-, Turn-, Dëschtennis-, Arbitter-, Handball- a Keelenabteilungen.
[änneren] Kader Saison 2009/10
[änneren] Gol
1 GER Hans Jörg Butt
35 GER Thomas Kraft
[änneren] Ofwier
5 BEL Daniel Van Buyten
15 BRA Breno
21 GER Philipp Lahm
28 GER Holger Badstuber
[änneren] Mëttelfeld
7 FRA Franck Ribery
8 TUR Hamit Altintop
16 GER Andreas Ottl
19 GER Alexander Baumjohann
20 ARG José Ernesto Sosa
23 CRO Daniel Pranjic
31 GER Bastian Schweinsteiger
44 UKR Anatoly Timotschuk
[änneren] Stuerm
11 CRO Ivica Olic
18 GER Miroslav Klose
25 GER Thomas Müller
33 GER Mario Gomez
[änneren] Statistik
- Europokal vun de Landesmeeschter (3) / Champions League (1):
- Siiger: 1974, 1975, 1976, 2001
- Zweeten: 1982, 1987, 1999
- UEFA-Pokalsiger (1): 1996
- Europapokal vun de Pokalgewënner (1): 1967
- Weltpokal (2): 1976, 2001
- Doublé (5): 1969, 1986, 2000, 2003, 2005, 2006
- Däitsche Meeschter (21): 1932, 1969, 1972, 1973, 1974, 1980, 1981, 1985, 1986, 1987, 1989, 1990, 1994, 1997, 1999, 2000,2001,2003, 2005, 2006, 2008
- Däitsche Vizemeeschter (8): 1970, 1971, 1988, 1991, 1993, 1996, 1998, 2004
- DFB-Pokal-Gewënner (12): 1957, 1966, 1967, 1969, 1971, 1982, 1984, 1986, 1998, 2000, 2003, 2005, 2006, 2008
- DFB-Pokal-Finallist (2): 1985, 1999
- Däitsche Supercup-Gewënner (3): 1983 (inoffiziell), 1987, 1990
- Däitsche Ligapokal-Gewënner (6): 1997, 1998, 1999, 2000, 2004,2007
[änneren] Um Spaweck
Hertha BSC | FC Augsburg | Werder Bremen | Borussia Dortmund | 1. FC Kaiserslautern | SC Freiburg | Hamburger SV | Hannover 96 | TSG Hoffenheim | 1. FC Köln | Bayer 04 Leverkusen | FSV Mainz 05 | Borussia Mönchengladbach | FC Bayern München | 1. FC Nürnberg | FC Schalke 04 | VfB Stuttgart | VfL Wolfsburg
| Commons: FC Bayern München – Biller, Videoen oder Audiodateien |