Borussia Dortmund
D'Borussia Dortmund (offiziell Ballspielverein Borussia 1909 e.V. Dortmund, dacks ofgekierzt mat BVB oder BVB 09) ass en däitsche Club vun Dortmund, deen haaptsächlech mat Foussball verbonne gëtt. De Veräin huet donieft awer och eng Abteilung fir Dëschtennis an eng fir Handball. Et ass allerdéngs de Foussball deen all zweete Weekend 81.000 Fans an de Stadion zitt!
De Veräin gouf den 19. Dezember 1909 gegrënnt an huet seng grouss Zäiten an den 1990er Joren erlieft. D'traditionell Faarwe vum BVB si giel a schwaarz. Mä och soss spillt d'Traditioun eng ganz grouss Roll zu Dortmund! Den Dortmunder Foussballveräin lieft vu senge Fans, fir déi de Foussball eng vun de wichtegste Saachen ass déi se hunn! Dofir hale se vill drop, datt um Feld Spiller stinn, déi mam Häerz derbäi sinn, kämpfen, lafen an alles maache fir hirer Borussia 3 Punkten ze erspillen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Borussia Dortmund – Biller, Videoen oder Audiodateien |
FC Augsburg | Werder Bremen | Borussia Dortmund | Eintracht Frankfurt | SC Freiburg | SpVgg Greuther Fürth | Hamburger SV | Hannover 96 | TSG Hoffenheim | Bayer 04 Leverkusen | FSV Mainz 05 | Borussia Mönchengladbach | FC Bayern München | 1. FC Nürnberg | FC Schalke 04 | VfB Stuttgart | VfL Wolfsburg