Georg Elser
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Johann Georg Elser, gebuer de 4. Januar 1903 zu Hermaringen, Württemberg, a gestuerwen den 9. Abrëll 1945 am KZ Dachau, war en däitsche Resistenzler géint den Nationalsozialismus.
Hien hat den 8. November 1939 am Münchener Bürgerbräukeller e Bommenattentat op den Hitler an aner Membere vun der NS-Féierung gemaach. Den Elsner gouf nach den nämmlechten Owend op der däitsch-schwäizerescher Grenz verhaft. Ouni Prozess gouf hien an d'KZ Sachsenhausen agespaart, duerno op Dachau verluecht , wou hie kuerz viru Krichsenn op Uerder vum Hitler duerch Genéckschoss vun der SS ermuert gouf.
[änneren] Literatur
- Haasis, Hellmut G.: Den Hitler jag ich in die Luft. Der Attentäter Georg Elser; Verlag Lutz Schulenburg, Hamburg, 2009, 383 S. ISBN 978-3894016067
[änneren] Audio
- Den Hitler jag ich in die Luft Rezensioun vum Haasis sengem Buch op Radio Z, Nürnberg
| Commons: Georg Elser – Biller, Videoen oder Audiodateien |
