Peter Goldreich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Peter Goldreich 1980

De Peter Goldreich, gebuer de 14. Juli 1939 zu New York City ass en US-amerikaneschen Astrophysiker an Astronom.

De Goldreich krut den Doktortitel an der Physik am Joer 1963 op der Cornell University. No enger Aarbecht op der Universitéit Cambridge gouf hien am Joer 1964 Assistenzprofesser op der University of California zu Los Angeles. 1966 wiesselt hien an d'California Institute of Technology wou hie bis zu senger Emeritéierung 2003 Professer war. Duerno huet hie sech dem Institute for Advanced Study zu Princeton ugeschloss.

Déi theoretesch Aarbechte vum Goldreich ëmfaasse vill Themaen, dorënner Planéiten an hir Réng, d'Dynamik vu Galaxien, den interstellare Medium, Pulsaren an Helioseismologie.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]