University of California
D'University of California (UC) ass niewent dem California-State-University-System dat zweet kalifornescht System bundesstaatlecher Universitéiten mat am ganzen iwwer 192.000 Studenten (offiziell gëtt et nach d'Community Colleges California als drëtt). Et gëtt eng „University of California“ an 10 Stied.
Déi eenzel Universitéite sinn onofhängeg vuneneen. Si deelen sech e gudde Ruff fir d'Qualitéit vun hirer Ausbildung. Vill vun der Universitéite hunn Nobelpräisdréier an aner Spëtzefuerscher als Professeren. An de leschte Joeren goufen Nobelpräisser fir Physik a Wirtschaft un d'UC-Professere zu Santa Barbara resp. San Diego verginn.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D'Grënnung vun den Universitéite gouf schonns an der kalifornescher Verfaassung vin 1849 virgeschriwwen. 1866 gouf vum Gesetzgiewer d'Agricultural, Mining, and Mechanical Arts College gegrënnt. Am Ufank hat et dem College fir e normale Betrib ze féieren u finanzielle Mëttele gefeelt. D'Sponsore vum College of California hunn am Joer 1866 65 Hektar Land, geleeën op dem Gebitt vum haitegen Berkeley, kaaf.
Den 23. Mäerz 1868 gouf schliisslech d'University of California mat Vertrag gegrënnt an domat eelsten Deeluniversitéit ass d'UC Berkeley (UCB). De jéngsten Ofleeër gouf 1999 zu Merced gegrënnt, 2002 war d'Ouverture an am September 2005 gouf de Léierbetrib opgeholl.
Standplaze [änneren]
Laboratoiren [änneren]
D'University of California ënnerhält dräi national Laboratoiren ënnert dem Patronat vum United States Department of Energy:
- Ernest Orlando Lawrence Berkeley National Laboratory
- Lawrence Livermore National Laboratory
- Los Alamos National Laboratory
Observatoiren [änneren]
D'University of California ënnerhält zwéi Observatoiren. D'Fuerschungszentren sinn zu Santa Cruz ugesidelt, ginn awer vun allen UCs gebraucht.