Meurthe (Floss)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Meurthe | |
| Längt | 159 km |
| Héicht vun der Quell oder Zesummelaf |
900 m |
| Duerchschnëttsdebit | 41 m³/s |
| Fläch vum Baseng | 3.085 km² |
| Leeft an: | Musel |
| Floss - Hydrologie | |
D'Meurthe ass e Floss a Loutrengen, deen am Bois de Lesseux net wäit vum Hohneck an dem Col de la Schlucht am Departement Vosges entspréngt.
En ass 159 km laang a leeft duerch Fraize, Saint-Dié-des-Vosges, Raon-l'Étape, Baccarat, Lunéville, an Nanzeg, fir dann zu Custines an d'Musel ze lafen.
Haapt-Nieweflëss sinn d' Fave, de Rabodeau, d' Plaine, d' Vezouze, d' Mortagne an de Sânon. Hire Baseng huet en Ausmooss vun 3085 km² an den Duerchschnëttsdebit beleeft sech op 20m3/s.
Tëschent Frouard an Dombasle leeft de Marne-Rhäin Kanal parallel zum Floss.
De Floss huet och dem Departement Meurthe, vu 1790 bis 1871, an dann dem 1919 nei geschafenen Departement Meurthe-et-Moselle hiren Numm ginn.
| Commons: la Meurthe – Biller, Videoen oder Audiodateien |