Vologne

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Pont de fées zu Gerardmer iwwer d' Vologne

D'Vologne ass e Floss a Loutrengen. D'Quell ass op der Fontaine de la Duchesse tëscht dem Hohneck an dem Col de la Schlucht, um Domaine vum Jardin d'altitude du Haut-Chitelet an de Vogesen.

D'Vologne leeft duerch de Séi vu Retournemer an de Séi vu Longemer. Kuerz duerno leeft d'Jamagne, den Iwwerlaf vum Séi vu Gérardmer dran.

Si leeft dann duerch Granges-sur-Vologne, kritt dann am Süde vu Bruyères d'Corbeline an den Neuné bäi, a virun Docelles leeft de Barba dran.

Ongeféier 10 Kilometer uewenzech vun Épinal leeft se dann zu Jarménil an d'Musel.

D'Vologne ass 50 km laang an hire Baseng huet 369 km².

Den ieweschten Dall vun der Vologne ass eng Héichbuerg vum Tourismus an de Vogesen. Als Attraktioune sinn ausser de verschiddenne Séien, de Waasserfall Saut des Cuves , eng natierlech Spär aus der Äiszäit, an de Pont des Fées vu 1763.

Zanter dem 16. bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert goufen an der Vologne d'Perles de Vologne gefëscht. De Château sur Perle bei Cheniménil krut säin Numm duerch d'Exploitatioun vun der Flosspäerelmuschel.

Wéi dës Muschel ëmmer méi rar gouf, goufe Muschelwiechteren agestallt fir de Braconnage ze limitéieren.

Grousse Schued huet de Bestand vun der Muschel awer eréischt erlieft wéi d'Textilindustrie sech am Dall vun der Vologne breet gemaach huet, an de Floss doduerch staark verschmotzt gouf.

An den 80er Joren, gouf den Numm vun der Vologne als Ausgangspunkt vun der Affär Grégory, a méi engem traurege Sënn bekannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vologne – Biller, Videoen oder Audiodateien