Pont-à-Mousson

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pont-à-Mousson
Land: Flag of France.svg Frankräich
Regioun: Loutrengen
Departement: Meurthe-et-Moselle
Arrondissement: Nanzeg
Kanton: Pont-à-Mousson
Awunner: 14.592 (1999)
Geographesch Koordinaten: 48° 54' 19" N
06° 03' 17" O

Pont-à-Mousson ass eng Stad Loutrengen (Frankräich, Chef-lieu vum Kanton Pont-à-Mousson am Departement Meurthe-et-Moselle. Se läit op der Musel, am Süde vu Metz. Hir Awunner ginn op franséisch Mussipontains genannt.

D'Musel zu Pont-à-Mousson

Geographie [änneren]

Geschicht [änneren]

Am 10. Joerhonnert hunn d'Häre vu Mousson, déi och Grof vu Bar waren, eng Bréck iwwer d'Musel baue gelooss. Hei ass geschwënn eng Stad entstanen. 1353 huet de Karel IV. d'Stad zu enger Maarkgrofschaft gemaach, mam Robert I. vu Bar als Markkgrof. Dono goung Pont-à-Mousson un d'Grofe vun Anjou, méi spéit un d'Herzogtum Loutrengen (1480).

1572 huet de Kardinol Charles vu Loutrengen do eng Universitéit gegrënnt, déi vu Jesuite gelee gouf. Am 17. Joerhonnert waren eng 2.000 Studenten ageschriwwen. 1768 gouf d'Universitéit op Nanzeg verluecht.

Wéinst senger strateegescher Lag am Grenzland huet Pont-à-Mousson a Kricher schwéier ze leide gehat: Am Drëssegjärege Krich gouf et komplett zerstéiert, 1870 emkämft, am Éischte Weltkrich war d'Stad an hir Ëmgéigend Theater vu schroe Schluechten, an och am Zweete Weltkrich gouf hei, ir se 1944 vum Generol George S. Patton senger 3. Arméi befreit gouf, nach eng Kéier emkämft.

Kuckeswäertes [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Pont-à-Mousson – Biller, Videoen oder Audiodateien