Baraque de Fraiture

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 50° 14’ 57’’ N 05° 44’ 17’’ O
Eng Schipiste op der Baraque Fraiture

D'Baraque de Fraiture ass mat enger Héicht vu 652 Meter, den héchste Punkt an der belscher Provënz Lëtzebuerg. D'Uertschaft déi praktesch nëmmen aus Hôtelle besteet ass ee bekannt Wanterschigebitt besonnesch fir Laangflafamateuren, a bitt mat e puer Pisten déi net géi sinn eng gutt Méiglechkeet, fir Leit déi wëllen den alpine Schisport léieren.

Den Numm vun der Uertschaft déi op dem Territoire vun der Gemeng Vielsalm läit, kënnt dohir, datt fréier nëmmen een eenzelt Haus do stoung an d'Nopeschduerf Fraiture heescht.

Op der Baraque de Fraiture gëtt ee Verdeeler vun der Autobunn A26 - E25, Baaschtnech - Léck, praktesch um hallwe Wee tëscht deenen zwou Stied. D'Autobunn huet do Uschloss un d'Nationale 30 an d'Nationale 89.

Den 29. September 2007 gouf op der Baraque Fraiture ee Monument ageweit, als Ërennerung un d'Ardennenoffensiv am Dezember 1944. Den neie Memorial gouf opgeriicht zu Éire vun den Unitéiten an Zaldote vun der 7th Armored Division, dovunner 87th Cavalry Reconnaissance Squadron, 203. AAA-Batterie vun der 7th Armored Division, an F-Company vum 325th Glider Infantry Regiment vun der 82nd Airborne Division.

Aner Installatiounen op der Baraque de Fraiture sinn d'Fernsehtierm fir d'Gemeinschaftsantenne fir 27 Gemengen am Ëmkrees, an d'Installatioune vun den Autobunnsservicer.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Baraque de Fraiture – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen