Signal de Botrange
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
50° 30’ 06’’ N 6° 05’ 35’’ E
De Signal de Botrange ass déi héchste Plaz an der Provënz Léck, a Wallounien vum Héije Venn a vun der ganzer Belsch. Et ass och déi héchste Plaz vum Benelux.
De Signal de Botrange läit op enger Héicht vu 694 Meter. Den Tuerm, deen 1934 gebaut gouf, kënnt mat senger Spëtz op eng Héicht vu 718 Meter.
Net wäit vum Tuerm ass e klengen Hiwwell mat Trapen opgeriicht ginn, déi sougenannte Butte Baltia benannt nom Generol Herman Baltia, déi et erlaabt fir mat a puer Schrëtt op d'Héicht vu 700 Meter ze kommen.
D'Signal de Botrange gouf déi héchste Plaz an der Belsch nom Uschloss 1919 vun de Cantons de l'Est. Virdru war et d'Baraque Michel.
Déi zweethéchst Plaz ass am Héije Venn bei Murrange mat enger Héicht vu 693,05 m. [1]
Referenzen [änneren]
| Commons: Signal de Botrange – Biller, Videoen oder Audiodateien |