Héicht Venn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Landschaft am Héije Venn
Wanter am Héije Venn
Wanterlandschaft am Héije Venn

D'Héicht Venn (Hautes Fagnes op Franséisch, Hohes Venn op Däitsch) ass en Héichplateau an der belscher Provënz Léck an dem noen däitsche Grenzgebitt, tëscht den Ardennen an der Äifel. En erstreckt sech graff gesinn tëscht 50°40' an 50°25' nërdlech Breet, an 05°45' a 06°25' ëstlech Längt. En ëmfaasst déi héchst Koppen, déi allerdéngs staark ofgeflaacht sinn, vum nordëstlechen Ausleefer vum Ardennemassiv, a baséiert op haardem, 650 Millioune Joer ale Gestengs. Den héchste Punkt ass mat 694 m, de Signal de Botrange bei Eupen, dee gläichzäiteg déi héchst Plaz vun der Belsch ass. Eng grouss Partie vum Héije Venn ass Deel vum Naturpark Hohes Venn-Eifel.

Déi genee Grenze vum Héije Venn si schwéier ze bestëmmen. Am grousse Ganzen, ass et dat Gebitt, dat iwwer 450 Meter Héicht läit a vu folgenden Däller begrenzt gëtt: Weserdall am Nordwesten, Roer- a Warchedall am Südosten, de mëttelsten Deel vum Dall vun der Amblève an de vun der Winamplanche am Osten.

Déi relativ flaach Topographie, den héijen Nidderschlag (tëscht 1.500 a 1.700 mm am Joer), d'haart Klima, den aarmen onduerchléissege Buedem, hunn zanter ongeféier 10.000 Joer déi natierlech Entwécklung vu fiichten a suppege Bëscher, Niddermueren, an torfmoosräichen Héichmuere favoriséiert.

Am Norde mécht Eupen d'Grenz, am Oste Monschau, am Weste Spa an am Süde Malmedy. Eng ganz Rëtsch Flëss hunn hir Quell am Héije Venn: d'Vesdre, Hoëgne, Warche, Gileppe, Eau Rouge, Amblève, d'Our, d'Kyll an d'Rur. Et gëtt och e puer Stauséien, wéi d'Talspär vu Robertville, d'Gileppetalspär, d'Wesertalspär an d'Talspär vu Bütgenbach.

Den Ausdrock Héicht Venn, gëtt haut haaptsächlech am Zesummenhank mam dem staatlechen Naturschutzgebitt an deene Gebidder déi direkt dru stoussen, gebraucht.

D'Wuert Venn u sech fënnt e soss awer och nach dacks a méi engem wäitleefege Gebrauch, bei deem en net nëmme Suppen a Mueren ëmfaasst, mä och Heedlandschaften a soss Broochen an Dréischen, d. h. am Fong all déi Terrainen déi net forst- a landwirtschaftlech ausgenotzt ginn.

Et gëtt och nach e puer méi kleng ähnlech Landschaften op de Koppe vun den Zentralardennen, wéi de de Plateau des Tailles, an an de südlechen Ardennen de Plateau de la Croix-Scaille souwéi de Plateau des Hauts-Buttés.

Vivieren[änneren | Quelltext änneren]

Déi sougenannt Viviere an d'Steekéip, Blockhalden genannt, si Spure vun der leschter Äiszäit vu virun 10.000 Joer, während där um Héije Venn e Klima geherrscht huet, dee mat deem vun der haiteger Tundra verglach ka ginn.

Viviere gëtt et am Héije Venn zu Honnerten, a se verdeele sech laanscht de Kamp vu Malchamps bis op Hoscheit, wou se meescht a Form vu ronnen, mat an der Moyenne 80 Zentimeter grousse Verdéiwungen optrieden. Et gëtt der awer och e puer, déi bis un déi 250 Meter laang sinn. Fréier gouf ugeholl et wieren Zeie vun enger prehistorescher Mënschepresenz, bis de Professer Albert Pissart bewisen huet, datt et Iwwereschter vu Palsae sinn.

Steestréim an eratesch Schollen[änneren | Quelltext änneren]

Op ville Plazen am Venn kann en opgekéipt Quarzitsteng oder Sandsteng fannen. Fréier gouf ugeholl datt et Moräne wieren. No neien Erkenntnesser sinn se d'Resultat vum Phenomen vun der Solifluxioun ënner dem Afloss vum periglaziale Klima.

An der Period wou de Buedem entdeet, räichert e sech mam Dawaasser un, a gëtt eng grouss Mass Bulli, déi sech och op liichten Häng, iwwer den nach gefruerenen Ënnergrond lues weiderbeweegt. D'Fielsbléck déi duerch de Wiessel vum Fréieren an Entdeeën, no uewe kommen, déi mat deem Bulli mat weider an den Dall geschleeft, bilden do e Koup a verstoppen den Dall. Wann de Klima da méi mëll a reenereg gëtt, gëtt dat rengt Material ausgewäsch an d'Steekéip bleiwen op der Plaz. Sou Kéip fënnt een op den Uschnëtter vun den Häng an an de meeschten Däller vun de Vennbaachen. Gutt Beispiller vun sou Steestréim fënnt een am ieweschten Dall vum Trôs-Marets, op der Helle bei der Rakesspree, op der Statte zu Solwaster, an am Dall vun der Hoëgne.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

Eng Onmass vu Baachen a Grief hunn hir Quell um Héije Venn. Si gehéieren all zum Anzuchsgebitt vun der Meuse.

Dräi grouss Flossbasengen drainéieren d'Héicht Venn. Am Norde ass et Vesdre, am Osten Roer oder Rur, an am Süden d'Warche.

D'Gileppetalspär tëscht Verviers an Eupen gëtt vun de Baache vum Nordhank gefiddert. Dozou gehéieren d'Gileppe, d'Louba an en Deel vum Waasser vun der Soor, datt iwwer den 2,5 km laangeSoortunnel dohin deviéiert gëtt. An d'Wesertalspär lafen d'Weser, d'Getz a soss nach en etlech méi kleng Baachen, grad sou en Deel vum Waasser vun der Hill, dat och iwwer en Tunnel dohi kënnt.

Opdeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Héicht Venn gëtt a verschidde Landschaften opgedeelt, déi all verschidden Eegeschaften, Zesummestellung a Planzegesellschaften hunn.

  • D'wallounescht Venn
  • D'Venn vu Clefaye
  • Grande-Fagne, Trôs-Brôli, Potales a Wez
  • D'Venn Deux-Séries
  • D'Poleûr-Venn
  • Setay, Fraineu an Neûr Lowé
  • Schwaarzt Venn, Herzogevenn, Nessellô a Bergervenn
  • De Rurbusch
  • D'Nordostvenn
  • D'Venn vu Malchamps

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Héicht Venn – Biller, Videoen oder Audiodateien
Fagne de Neûr Lowé
Fagne de Setay