Wesertalspär

Vu Wikipedia
Weesertalspär vu riets gesinn

D'Wesertalspär bei Eupen (fr: Barrage de la Vesdre oder och nach Barrage d'Eupen) ass dee gréissten Drénkwaasserreservoir an der Belsch. Et ass och eng Touristenattraktioun am däitsch-belschen Naturpark Héicht Venn.

Mat dem Bau vun der Staumauer gouf 1936 ugefaangen, a si gouf 1950 ageweit.

De Stauséi gëtt vun zwou Baache beliwwert: der Weser an der Getz déi am Fong am Stauséi zesummelafen. D'Mauer selwer steet um Laf vun der Weser. Dës Stauanlag gouf haaptsächlech opgeriicht fir d'Drénkwaasser an der Géigend ze garantéieren a fir d'Weeser ze regléieren a sou ëmmer genuch Waasser fir d'Industrie flossof prett ze hunn.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Staumauer, Pegelstand
  • Waasserfläch: 126 ha bei Vollstau
  • Faassungsverméigen: 25 Millioune m³
  • Anzochsgebitt: 10.595 ha
  • Héicht vun der Mauer: 66 m inklusiv Fëllement
  • Héicht vun der Kroun: 362 m
  • Längt vun der Kroun: 410 m
  • Max. Héichwaasserstand: 361 m

D'Staumauer ass eng Gewiichtsstaumauer.

Waasserversuergung an der Géigend[änneren | Quelltext änneren]

Gedenktafel vun der Aweiung

All Dag produzéiert d'Weesertalspär 82.500m³ Drénkwaasser, a beliwwert domat d'Géigend vun Herve, d'Faubourge vu Léck an d'Stad Spa. Dat fäerdegt Drénkwaasser gëtt an enger grousser ënnerierdescher Zetär gespäichert. Duerch den onreegelméissege Nidderschlag an dem héije Venn muss ëmmer eng Mindestquantitéit gestaut bleiwe fir Qualitéit vum Waasser ze garantéieren. Bei Héichwaasser kënne bis zu 230 m3/s iwwerlafegelooss ginn.

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

Waasseropbereedungsanlag

Bei der Talspär ass ee Restaurant mat enger Terrass, en Aussiichtstuerm, eng Spillplaz fir d'Kanner a vill Trëppelpied. Tafelen op engem Léierpad erkläre wéi d'Drénkwaasser gemaach gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerlaf mat Vue an d'Polterbecken
Manövergebaier vun de Wierer
Commons: Wesertalsperre – Biller, Videoen oder Audiodateien